Merci Raypics!
Ech probéieren erreicht säit kuerzem Focus-Stacking an et ass net esou einfach wéi ech mer dat virgestallt hat.
Den Problem ass déi richteg Beliichtung,mee dat hängt och of vum Objekt wou een well fotograféieren. Wan Insekt méi kleng ass wat et méi schwéier ass( also mol fir mech). Dann därf sech näischt bewegen während dem Stacking,soss kann een erem ufänken. Bei deser Foto hun ech 3x probéiert bis et mer gelongen ass. Ech hun 2-3 Stonnen gebraucht, vun fotograféieren bis den Stacking (zesummen setzen)vun den Fotoen, an Retuschen machen am Photoshop. Mee ech denken dass een wou dat richteg gudd kann, net esou lang brauch.
ech bréicht keng Stacking Technik fier dei Mecken ze fotographeieren dei bei mier ronderem fleien, oder besser gesoot, dei bei mier ronderem geflun sin.....
Merci Fuuss,och fir den Fav!
Normalerweis benotzt een den Makroschlitt fir net brauchen um Focusrank ze dréihen. An beim Makroschlitt kann een den Focus méi genau verleen!
Ech selwer benotzen den Makroschlitt kombinéiert mat der Software vun der Kamera.