Kommentar vum Fotograf:
4 vun de 5 Nuechten déi ech an Norwegen war, hunn ech Nordliichter gesinn - dës Nuecht hei war déi wou ech am meeschte Fotoe konnt maache well den Himmel esou kloer war an d'Nordliichter einfach net opgehalen hunn. Schonn am Dag war ech do ënnerwee fir mer d'Plazen erauszesichen a fir ze kucke wéi ech owes kéint Fotoe maachen, well wann ee bis owes am stackdäischteren do ënnerwee ass, ass een dodran staark begrenzt.