Hotel New York vun der Holland Amerika Lijn zu Rotterdam.
Vun hei si jorelaang hollännesch Emigranten an d'Nei Welt gestart.
Haut gëtt dat schéint Art-Déco-Gebai vun zweifelhaften Héichhaiser regelrecht erdréckt.
Dei gefällt mer richteg gudd! D'Erklärung get gudd vun der Photo rem gin. Dei erdreckend Heichheiser dei vun lenks a riets Drock ausüben an den klengen Hotel awer net kleng kreien...Gott sei Dank! Och deng Verarbeschtung as gudd gelongen. Flott!
WilhelminerPlein... Den Art Deco Steck liewt weider ... an der Architektonescher Revolutioun... D'Hollänner sin keng Sentimentaler ... Dei kucken no fir an dann get den Art Deco steck einfach englobeiert ... mé dofir net zersteiert an et ass och flott renoveiert ... En plus ... mat all deenen Heischhaiser do ... gesäit een dei Auer do enorm gudd
Merci gtaddei1, fir deng weider Informatiounen an deng Appréciatioun.
Hei ass d'Realitéit jo staark subjektiv interpretéiert, dat muss een uspriechen oder eben net.
Déi Bearbéchtung do iwwerzeecht! Alles ass kloer an däitléch. Mir kënnt et awer och sou vir, wi wann d'Hàichhaiser ënnert de Secousse vun engem Äerdbiewen séch diebelen an an ee Koup ze faale riskéieren, awer dat 100 jährecht Hotelsgebai stabil an "inébranlable" ass.
Dat ass jo den Zweck vun der Fotografie, Geschichten ze generéieren, oder?
btw: Déng Phila-Foto huet ganz sécher hire Wochepokal verdingt, mais ech hat dir fir dës Foto hei méng Stëmm gin. Di hei huet eppes Extraes, wat di aaner net sou huet.