Vue vun engem Hiwwel ob der Batain Coast am Oman, eemol No an eemol wäit. Gigantesch Ausdehnung, déi een einfach nëmmen iwwerwältegt!
Ech kann mech ëmmer nach net entscheeden wéieng Foto mer besser gefalen soll.
Den Horizont gefällt mer och net ganz do wou en ass, mee ech weess net wou ech soss ënnen kéint schneiden ouni dat et onfäerdeg ausgesäit. Gudd Propose?
Déi éischt ass effektiv net ganz 100% schäerf, wat un der enormer Distanz zu den Bierger do läit. Sinn e puer 10er km. Déi enorm Dimensiounen sinn dat wat mech un däer Plaz sou fascinéiert huet.