Stemmung gefällt Zora!
(Kuck mol riets nierwend dem Beton-Sockel, déi Kreeser ronderem. Kennt warscheinlech vun der Bea. An ech mengen sie kippt e bessen no riets.)
D'Stëmmung ass scho gudd getraff, mais wanns du mir nët béis bass, da wéilt ech awer eng kleng Kritik hei ubréngen, déi s du bestëmmt am ëmgedréinte Fall mir och maachen géings...
An zwar: Du has jo di beschten Zäit op der Welt, well d'Zentral réckelt jo net vu Plaz sou séier, an dee "Stösel" rechts bleift och nach e puer Deeg op där Plaz. Dofir häss du bestëmmt d'Méigléchkeet gehat, een oder zwee Schrëtt no lénks ze goe, fir datt séch d'Glänner an d'Spigelung vum Killtuerm séch net iwwerlaageren. Oder ass et fir de Reflet vun der Sonn just virum Killtuerm ze plazéieren?