et war eng Wahl déi Ech hun missten treffen. War just matt 35mm (50mm vollformat) ennerwee an fest brennwait..Drettrégel an mir hun en heelen punkt um gebai an een uffankspunk un der Baach...Kompromisser muss een maachen an hei ass et mein...merci Pitt
fier mech (als Anfänger) ass et komplizeiert, hei sin eigentlech drei verschidden Motiver gleichstaark an engem Bild zesummengehaalen (Waasser, Gebei, Himmel). Domadder ass fier mech dei Foto iwwerlueden. Dobei kennt dei greng Faarw dei extrem present ass, ausser den donkelen Plaatzen um Uferrand wierkt dei e bessi platt (am Geigensaatz zum Himmel deen wierklech flott festgehaal ass).
Ech hätt probeiert eent vun desen Motiver mei eraus ze hiewen, ob et mer gelongen wier ass eng aaner Fro...
all Mehnung get eng Aaner perspektiv an ass geschätzt.
Ganz eierlech hun ech mir deng virschlei zu haert geholl an probéert...an daan awer net...Ech kann haut net mei een Himmel als Suje betrachten....Daat ass een hannergronn, egaal wei flott deen ass.Den Lieswee geet op den hälsten Punkt vum Bild also d'Gebai waat och op der kreizung lait vun mengem punk. Waat och am schärften ass...de recht ass dekoratioun. Also merci fir deng Aasiicht di mir gehollef hut mein Bild mei objectif ze betrachten
Ech sin frou wann meng Äusserungen net an den falschen Hals geroden, probeieren jo just objektiv ze bleiwen. Dobei leieren ech jo och fierwaat Biller esou entstaanen sin.
Zum Lieswee wollt ech awer nach eppes schreiwen, deen get vum Waasserlaaf an vun der Clotûre, dei sech vun riets no lenks verjüngt, menges Erachtens, staark beaflosst. Mein Bleck bei desem Bild zitt et eigentlech emmer mei no lenks wei no riets. Ansichtssache eben