Merci fir den Favorit Ech muss selwer bëssen kritesch mat der Foto sinn an zou ginn, dass si extrem verrauscht ass. Ech hat am Fong nach ni d´Chance ënner gudden Bedingungen sou eng Foto ze probéieren. Ech hunn d´Bierger missen eenzel mat Rauschreduzierung behandelen fir dass et acceptabel ass. Dobäi ass mer awer bei rëm zesummesetzen vun der Foto en klengen awer blöden Fehler ënnerlaf ( dat hunn ech leider réischt gemierkt wou se schonn ropgelueden war/ dat weist dass een sech vläit nach méi Gedanken driwwer maachen soll an een vläit vun laangem Kucken déi eegen Fehler net onbedéngt emmer gesäit) vläicht fënnt jo een den Fehler
60 sec ass ze lang an f4 ass villeicht ze zou? Ech wees dass et meschtens mat engem 2.8 oder max 3.2 , 200-400 Iso an net mei ewei 30 sec (sass bewegen sech d'Staeren )
Nee déi zwou Linnen sinn keen Fehler. Deen Fehler gesäit een bëssen iwwert den Bierger an den Stären. Do sinn der puer zweemol do. Wou ech d´Rauschreduzierung ob d´Foto applizéiert hun wollt ech daat awer nemmen fir d´Bierger maachen. Doofir hun ech se rem mat enger net rauschreduzierter versioun zesummengepinselt an dobai waren d´´Fotoen net ganz iwwerlaagert.
Flott Foto, 60 Sek. sën definitif ze laang bei 16mm, als Fauschtregel kann en soën 500 gedeelt durch Brennweit= Zäit (bei Vollformat) an am beschten d'Blend sou weit ob maachen wéi méiglich, en relativ gutt Objektiv an preiswert ass Walimex PRO 12mm, f/2.8 Fisheye, hann mat dem och well hei zu Lëtzbuerg d'Mëllechstroos geknippst. milkyway...