Merci marischen, fir deng Iwwerleeungen.
Also e Montage ass et net, alles echt!
Op der pechschwaarzer Basaltwüst huet dat gringt Gras och a Wierklechkeet immens ervirgeliicht. Et huet och nach gereent an d'Gras war naas.
Ech hunn et esou an Erënnerung, op et awer genau esou war wees ech net méi.
Et war eng organiséiert Fotorees. Mir waren 8 Leit mat engem Guide an hunn an e VW-Allrad-Bus gepasst. Dat war eng flott Léisung, zemol well et meng éischt Island-Erfahrung war.