Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Owes um Rhein

 
Owes um Rhein
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (07.06.2015). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    07.06.2015
  • Gekuckt:
    22872
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    22
  • Beliichtungszäit:
    1/500
  • Blend:
    f 3.2
  • Brennwäit:
    21 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    2000x1333
  • Späicherplaz:
    891 KB
  • Originaldatum:
    03.06.2015
  • Fotoapparat:
    Canon 450D
  • Programm:
    manuell
  • Objektiv:
    Sigma f 2.8-4 17-70mm
Kategorie: Natur »» Landschaften
2. Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=83304]
Kommentar vum Fotograf:
Owes op engem Spazeiergang laanscht den Rhein fotografeiert. Am PS verschafft. Um Scheld stoung "WC" mat engem Pfeil, waat mech awer gesteiert huet, sou datt ech et duerch "Rhein" ersaat hun.
Paul-H 07.06.2015 - 19:20
Hmmm, fannen et ass e bessen zevill Orange dran..., fir mäin Goût.
bensphotography 07.06.2015 - 19:40
merci fir de feedback, hun et geännert. Hoffen lo ass et besser smile
Paul-H 08.06.2015 - 00:05
Sou ass se super ! Just dass uewen lenks d'Linen vun de Wagoen nach net graad aus dem Eck laafen mee soss vun der Stemmung hir ass se top.
bensphotography 08.06.2015 - 00:11
merci smile
Zora 07.06.2015 - 19:25
Ofgesin vum Farwschock deen ech elo krutt; ), fannen ech se superclosed_eye
bensphotography 07.06.2015 - 19:39
hun se lo nach enker ugepasst, hoffen den schock ass lo nemei graad sou schlemm tongue freet mech datt se gefällt smile
Zora 07.06.2015 - 19:51
ass schon besserclosed_eye
jorsch 07.06.2015 - 19:52
So Biller gesäit een hei éischte seelen, an eleng dat mecht et schonns interessant!
D'Stëmmung fannen ech ganz flott, dat villt Orange stéiert mech hei komescherweis net, et kontrastéiert gutt mat dem Blo.
D'Bréck mam Zuch huet eng flott Struktur an évokéiert den Dram vum Reesen.
Als Géijesaz dat krommt Schëld mat dem Velo. Do kann een sech mat e bësse Fantasi eng Geschicht derbäi erfannen. ( WC mat Pfeil wier dann och net schlecht gewiescht. smile )
Dat eenzeg wat mech e bësse stéiert ass de Rhäin, deen kromm ass. Um Horizont hätt ech eventuell och nach e puer Klengegkeeten ewechgebotz fir méi Rou ze kréien.

Alles an allem awer e Bild wat met ganz gutt gefält!

bensphotography 07.06.2015 - 20:26
Merci fir den Feedback Jorsch. Wosst net op ech daat ganzt sollt riichten oder net well ech dann en Deel vum Velo ewegkreien an hun geduet daat keint vlait steiren oder waat mengs du? hun och lo um horizont nach bessi eppes weggestempelt smile
jorsch 07.06.2015 - 20:48
Probéier emol bei der aler Foto just de lénken Eck uewen eropzezéien, sou datt d'Waggoen bis an den Eck lafen, dann ass de Rhäin riicht an de Velo huet nach Gras ënnert dem Pneu.
Den Horizont ass besser esou.
( Sinn awer alles nëmmen Detailer. smile )
bensphotography 07.06.2015 - 21:09
Et sinn d'Detailer dei et maachen smile an merci fir den super Tipp, dorun hun ech nach nii geduet fir en Bild ze riichten. Direkt emgesaat
ornitho 07.06.2015 - 21:07
Ganz flott dess heiten, de Jorsch heut hei schon alles ugeschwaat, ennert dem Strech, e flott Bild smile
bensphotography 07.06.2015 - 21:52
Villmols merci ornitho smile
gtaddei1 08.06.2015 - 01:04
No menger Meenung ass do e zefill starken Mofen Stach
bensphotography 08.06.2015 - 09:00
Merci fir de feedback smile do ginn d'Gouer wuel auserneen
gtaddei1 08.06.2015 - 18:55
Um Scheld ass ok awer am Hannergronn ass et ze heftesch
Jeanny 08.06.2015 - 06:38
E ganz flotte Bildopbau, ( WC, hett mech net gesteiert )
geféllt mir ganz gutt
bensphotography 08.06.2015 - 09:00
Villmols merci Jeanny smile
Miau 08.06.2015 - 15:27
zumol de Velo so munches interpreteieren lässt bigsmile
bensphotography 08.06.2015 - 15:32
hahaaa ioo tongue mee bis zur toilette war et awer nach en gudd steck zu Fouss
Jean-Marie 16.06.2015 - 13:44
tiptop, gefällt mir ganz gut am Obbau an och an den Farwen
bensphotography 16.06.2015 - 17:15
Villmols Merci Jean-Marie smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 484 Gäscht online