Esou Experimenter (wintisch style) natierlech Blummen esou ze entstellen an anescht ze weisen gefalen natierlech net jidderengem! Fanen awer dass dat mëttlerweil hei schonn laang gemaach geet! Net wintisch awer SW!An hunn och näischt dogéint wann et gutt gemaach ass ewéi hei. Blimmchen kennt menger Meenung no ganz natierlech an't Bild eran. Awer well Foto fir mech en Experiment ass, géing ech se nach 90 Grad no lecks dréien, villäicht dann net méi ewéi Foto entstanen ass. Awer si wierkt op mech vill méi Filigran an huet fir mech och doduerch enger bessere Präsens!
Merci fir däin detailéierte Kommentar.
Ech freeë mech wann d'Blimmchen dir gefält!
Du hues Recht, et ass en Experiment. Den HG. vum Original ass uniform hellgro an ech wollt mat enger Textur dem Bild méi Struktur ginn. Dat ass natierlech a.d.g. a mat Modératioun ze gebrauchen.
Ech hat d'Bild selwer schonns no alle Richtunge gekippt, sinn awer ëmmer erëm op d'Originalpositioun zréckgefall. Och elo dinn ech mech mat denger Propos schwéier, villäicht einfach well ech d'Originalpositioun esou fest am Kapp hunn.