Merci fir däin Komentar an et freet mech dass mäin Pano der gefält...
Hätt missen méi laang Beliichten dann wieren d'Leit verschwonne mä mech stéieren sou net sou direkt am Fong mä jiddereen wäert do seng eegen Meenung dozou hunn.
Zimlech cool Foto, virun allem den Cadrage gefält mer gutt. Wat mer net sou gefält sinn déi däischter Beräicher, virun allem d'Diecher, an d'Mauer riets an lénks. Déi sinn vir mäin Gout schonn ze däichter/ze vill kontrastéiert. Wanns de do nach en bëssen drun piddels misst ze rischteg gutt ginn!
E ganz flott Pano. De Géigesaz vu waarmer Luucht a kalem Himmel/Wasser ass der besonnesch gutt gelongen.
Déi zwee Leit fannen ech flott am Bild, gëtt dem Bild e bësse Liewen, ass awer sécher adg.
Ech hunn déi Leit gär well se bëssen Liewen erabréngen well an Wierklechkeet war jo vill Liewen do op den Stroossen an mat enger Foto well ech jo bëssen am Fong den Moment festhalen eben. Mee ass mengen ech adg.