Jo, op Neijoschdag gouf et plaazeweis am Land e puer kurz Momenter, wou d'Sonn séch weise komm ass. Gudd, datt een hautzudags een telefon an der Tàsch huet, fir Fotoen ze maachen...
Eng schéin Luucht an Stemmung an denger Foto!
Dat wat e bessen stéiert ass deen lenks ugeschnidenen Baam am Bild.
(An dat mat engem Iphone,hätt ech net geduercht wanns du et net derbeigeschriwen häss)
Merci, Jacques. De Bam hun ech awer gären am Bild gelooss, sou wi hei, well soss di Äscht lénks aus dem Näischt kéimen. Mais ech acceptéieren däi Point de vue awer och.
Ech hun dee ganze Bam geknipst, dat ass lo nët de Problem, mais ech hu fonnt, dee géif ze massiv lénks am Bild d'Opmierksamkeet u séch rappen. Mais bon. Sou huet jideree séng Opfaassung.
Kuck hei! D'Original! Mat Fanger am Focus...
A wann ech bedenken, datt eng Stonn éischter voll Sonn bei eis war. An dee Moment, wou ech doheem raus gaanege si, fir trëpelen ze goen, war deen décksten Niwwel. Leider! Soss wier ech nämléch sécher net ouni méng Nikon rausgaangen...
Elo muss ech mech schonn froen, sollen mir eis deier Kameraen an nach méi deier Objektiver ofschafen? Wann engem schonn mat engem blöden Smartphonen eng relativ gutt Foto geléngt? Eng Perspektiwesch Korrektur kéint hei awer nach maachen!
Dat ass eng gudd Fro... mais ech mengen awer, datt eis deier Kameraen nach e bësse Virsprong hun, an dee beschten Eifoun oder Sumsang déi ni erëmkréie wärt.
Wat perspektivesch Redressementer ugeet: hätt ech di Foto mat ménger Nikon gemaach an si wier sou schief, dann hätt ech den DxO View Point beméit, mais sou... Et geet mir ëm d'Stëmmung an d'Stralen, nët ëm eng perspektivesch perfekt Foto. Si mir nët e bësse kriddeléch gin, zanter mir mam Photoshop & Co alles manipuléiere kënnen?
Nee!! awer mat engem Tilt Shift Objektiv Fotograféiert braus de do nach net emol eng Perspektiwesch Korrektur ze maachen! An Foto herno net méi ze beaarbechten! Ok kriddeleg sinn mir schonn, awer soss gëtt et jo och keng Verbesserung an mir bleiwen dann ëmmer op dem selwechten Niveau! Et soll dach ëmmer een bëssen an eng besser Richtung goen! Soss kann een seng Kamera dach gläich un deen Sprachweutlechen Nol hänken!
Do kann ech dir natiirléch nëmme recht gin, mais een Tilt-shift Objektiv huet ee jo awer net obedingt am Alldag drop, oder hues du sou eent als Standard? Ech hun op alle Fall nach keent sou a méngem dach räichen Objektivfundus...
Ech probéiere jo och méch ze verbesseren, awer irgendwann gëtt d'Loft no uewe mi dënn an d'Schrëtter mi kleng. A well ech nach nët haut a muer um ieweschte Level ukomme wëll, gin ech di Saach mi gemittléch un. Ech hu schliessléch réischt 51 Joer. Wat maachen ech dann nach, wann ech lo scho ganz uewen ukomm wier....
Als Standardobjektiv hunn ech et bestëmmt net dobäi. Plangen awer schonn wann ech ënnerwee sinn wat ech well maachen! Och wann engem vill aner Méiglechkeeten dann duerch Lappen ginn. Well een dann erëm net dat richtegt Objektiv dobäi huet. Et soll een sech op dat beschränken wat een grad maachen well soss ginn engem nach méi Motiver duerch Lappen. An dann kennt een ouni gutt Fotoen Heem!
Ech hunn der eréischt 50, an ganz uwenn ukommen geet et fir mech net. Och wann Schrëtter méi kleng ginn, esoulaang se net no hannen ginn ass et ëmmer nach een Fortschrëtt!
Ganz uewe gëtt et nët, dat ass richteg. Awer d'Loft gët mi dënn, sprich: ët gët ee méi exigent mat séch selwer. Mais Réckschrëtter bleiwen trotzdem nët aus. Dat ass da, wéi wann een een neien Ulaaf hëllt.
A puncto Objektiver sin ech och dénger Meenung, an awer doen ech méch schwéier, méch fir een Objektiv ze entscheeden. An dofir hun ech neierdéngs bal ëmmer méng "Eier legende Wollmilchsau", den 28-300 montéiert, wat natiirléch net grad engem ambitionnéierte Fotograf säi beschte Pärd am Stall ass. Mais et ass sou kamoud...