Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Schlass vun Veianen

 
All Fotoen an dëser Serie:
41878 Thumbnail
41880 Thumbnail
41881 Thumbnail
41882 Thumbnail
41887 Thumbnail
Schlass vun Veianen
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    21.09.2014
  • Gekuckt:
    22845
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    13
  • Originaldatum:
    20.9.2014
  • Fotoapparat:
    Nikon D90
  • Objektiv:
    Nikkor 18-55
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=80463]
Kommentar vum Fotograf:
Niewt der Staat Lëtzebuerg selwer, ass d'Veianer Schlass wuel eent vun deen meeschten gekipsten Motiver hei am Land. Ech hun dann och lo derzou bäigedroen.....
Gaga 22.09.2014 - 08:47
dei 2t as genial, e bessen mei schwarz dran geiff hier mei Kontrast a Struktur gin, se wierkt e bessen platt esou, mais super mam Sepia, och wann en staark as, passt et bei esou en Motif.
Paul-H 22.09.2014 - 13:16
D'Bea vun der zweeter war eng Iddi vu menger Madame smile

Du hues wéi (baal) emmer rem Recht smile , ech hun se selwer e bessen platt fonnt, mee wan ech do méi schwaarz an/oder Kontrast bäigin dann gett den Himmel mir einfach zevill dramatesch....-, ausser ech verschaffen den Himmel net matt, misst ech mol probéieren.
Gaga 22.09.2014 - 15:54
probeier mol den layer vum sepia einfach op weiches licht ze setzen, as zwar en aaneren effekt, mais keintn och flott ausgesin.
Oder einfach mat Dodge & Burn den Himmel erem ophellen.

PS: ech weiltl ech hätt ememr recht, da geng ech Lotto spillen bigsmile
Paul-H 22.09.2014 - 16:00
Ech mengen Du benotz do Thermen aus dem PS deen ech net hun. Verstin awer waats de mengs, misst och mat mengen Mettelen ze maan sin.
Gaga 22.09.2014 - 16:02
Weiches Licht = soft light
Dodge & Burn = hei

closed_eye
Paul-H 22.09.2014 - 19:08
Wollt just soen, ech hun den Photoshop net, haat schon verstaan smile
Merci awer.
Paul-H 22.09.2014 - 23:16
Sou, hun lo laang drun gedoktert (et ass lo déi lescht an net méi déi zweet). Hun nemmen d'Schlass (net den Besch an d'Hecken) méi rausgestallt andeems ech den Kontrast erhéicht hun. Den Himmel hun ech liicht méi soft gemaach, gefällt mir selwer zwar nach emmer net sou wann ech éierlech sin....
D'Rumm ass lo gro an net méi wäiss an si ass liicht méi grouss fir dass den Iwergang uewen um Rand vum Bild besser ass.
Gaga 23.09.2014 - 08:57
kloer dat t'Rumm och mat geänenrt get. Weieen Programm benotz du dann ?
Paul-H 23.09.2014 - 17:23
Benotzen:
Magix xtreme
Photoscape
Lightzone
Capture NX
View NX
Neat image
Perfect effects
Irfanview
Silver Projeczs fir sw.....

Je no Foto gett deen een oder aaneren Programm benotzt, mee ech hun awer och e standard workflow deen ech normalerweis anhaalen...

Mee Du hues mer lo awer nach gesoot wéi's de d'Foto lo fenns ?

Gaga 23.09.2014 - 18:18
bein vum Kontrast hier am Sepia besser, mais elo as t'Struktur effektif zevill dominant, dei misst een dann erofschrauwen, am Silverefx kann een Kontrast an Struktur getrennt astellen ... kennen deng Software elo net ...
Paul-H 23.09.2014 - 19:16
Hun den Kontrast an desem Fall mam Magix erhéicht, mee wahrscheinlech liicht iwerdriwen...
Gaga 24.09.2014 - 11:02
wei gesoot, kontrast as net automatsch och struktur, normalerweis kanns de dat separat regleieren.
Paul-H 24.09.2014 - 14:54
Jo, kukken daat mol. merci fir all Deng Tipps.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Passerelle

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: MandyM
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 605 Gäscht online