Genial, wéi ëmmer Deng Biller, déi lenks Holzpfähl gesin e bësschen oofgekäpt aus, gläich mam Horizont, me wéi de Jean-Jos et ganz richteg seet si mer do machtlos an huelen et wéi et ass
Jo, ech hätt d'Opnam och kéinten aus enger minimal méi déiwer Positioun ophuelen, da wieren déi lenks Péil och iwwerem Horizont, an d'Bild geséich flächt méi harmonesch aus. Vun dohier hues de schons Recht mat ''oofgekäpt'', ech muss awer agestoen dat ech dat bei der Opnahm net gemierkt hun.
Merci MsJarryman fir däi Komentar, an dat d'Bild dir gefällt freet mech natierlech.
Ech gi geckeg
Wann de Wellebriecher elo och nach riets esou genial an den Horizont auslaafe géif, wär d'Symmetrie perfekt; esou ass et eng genial Landschaftsfoto ( d'Landschaft muss ee bekanntlech huelen, wéi se ass, si këmmert sech nët ëm dem Mënsch séng Symmetrievirstellungen ) an déi mechs du richtég gutt.
Ohla, esou ee Luew . Wéi's de awer richteg beschriwwen hues muss een d'Landschaft huelen wéi se ass.
Ech wolt onbedingt den donkelen Ausleefer op der lenker Säit mat op d'Bild, an hun d'Kamera no dësem ''Repère'' ausgericht. Fir d'Opnahm selwer hun ech dun awer missen eng länger Zäit ofwarden, bis d'Mier bei haute marée dësen Deel mat iwwerspullt huet éier ech ausgeléist hun.
Fir deng Apreciatioun e grousse Merci gesot Jean-Jos. Dat freet mech ze liesen.