Deng Ënnerwaasserbiller gefale mir immens gutt, si huelen ee mat an eng fantastesch Welt, tëschend Realitéit an Dram.
Nach e puer Iddien si mer duerch de Kapp komm:
Bei dëser Serie ass den "Ënnerwaasserandrock" net esou staark wéi bei anere Fotoe vun dir: D'Spijellung uewen ass méi kleng, besonnsch bei dem Titelbild. Och en däischteren HG. géif dat Fantastescht nach steigeren. An eventuell nach e puer méi Loftblosen drageblosen ....
Merci fir däin Kommentar Jorsch.
Ech hunn grad nach zwou Fotoen vum nämmlechten Dag erop gelueden, déi hunn awer och leider keng Loftblosen an däischteren HG. Ech man där awer bestëmmt och geschwënn erëm Verschidden Leit fannen et méi flott wann een net direkt erkennt dat et ënnerwaasser ass, an aner Leit ass et ëmgedréit. Ech hunn meeschtens d Spigelungen an Loftblosen ganz gäer an den Biller, erkennt een jo och zimlech séier bei mir ^ ^