Nee, lo mol am Eescht: Hues vun riets relativ vill Luucht ra kritt, wahrscheinlech vun dem Duerf wat do ass. Sichs der vir Stäeren ze gesinn/fotograféieren am beschten en Eck wou wäit an breed näischt rondrëm ass, well iwwert all Uertschaft an der Nuecht eng méi oder manner grouss Glack aus Luucht hänkt. Doduerch hues de manner Kontrast tëscht den Stäeren am Rescht an du gesäis se manner gutt. En aneren Punkt wier den Buedem iwwer deems de fotograféiers. Wanns de en mat drop wëlls, dann probéier en mat anzebauen, also eppes ze sichen wat an d'Bild passt. Ech hunn hei laang gebraucht bis ech dann lo mengen en Koup gepaakten Botten erkannt ze hunn. Net sonnerlech sexy, nee?
Mee d'Technik stëmmt, also aner, cool Plaz sichen an lass!