...oder duerch de Bulli
froen mech wei en SW hei geng wierken.
Elo eng teschnesch Fro :
Wann ech esou änlech Fotoen machen, steiert et mech emmer e bessen dat trotz F/2, keen richtegen Bokeh entsteht...
Mat mei Brennweit, kritt een eichter en flotten Bokeh, mais natierlech op Käschten vun der Perspektiv.
Kann een emrechnen tescht Brennweit am zesummenhang mat der Blend wei den Bokeh get ?
Also ech hoffen, meng Fro as verständlech.
zb : 35mm F/2 = 120mm F/4.5?
Natierlech as den Rechenennerscheet natierlech deen, dat fier en ongefeier selwechten Bildausschnett (net dei selwecht Perspektiv) Distants Fotoapparat - Sujet - Hannergronnt hiert Verhältnis ännert, mais soit, wann ech soen ech well en Auto Oofliichten deen 5m vun enger Mauer steht. Fier dat den Auto schein Kadreiert as, gin ech mam 35mm, 10m zereck, also :
A-B = 10m
B-C = 5m
mat Blend F/2, kreien ech eng flott onschärft an t'Mauer, mais keng extrem.
Lo huelen ech en Tele 140mm, gin sou weit zereck dat ech den Auto genau gleich grouss am Bild hun (sin dat dann och 4x ???), also 40m!
A-B = 40m
B-C = 5m
Blend F/8 wier jo do och 4x mei grouss... get dat elo dei selwecht Onschärft ???
Hmmm! Ech versti, wats du wëlls soen, mais do méch net rechnen! Ech sin doranner net sou bewandert, ech sin éischter ee Literat a Poet.
Wann ech dat richteg verstin, géings du dir méi Onschärft um Fluchtpunkt wënschen, oder dach awer éischter hei vir, an der Spigelung? Eppes stëmmt op alle Fall: wat d'Objektiv méi Wäitwénkel ass, wat d'Déifteschärft, och scho bei opener Blend, méi grouss ass. Deemno ass de Bokeh mi schwéier ze ereechen. Do wier effektiv ee liichten Tele (85 mm f:1,8 oder f:1,4 resp. 105 mm f:2,8) méi efficace. Awer hei hat ech net de Choix. Ech hat 1. just de 35mm mat op den Tour, an 2. hätt ech wéinst der Configuratioun vun der Fotoplaz net kënne sou wäit hannerzéch goen, wéi néideg mat enger aanerer Brennwäit, well do Beem stin, déi gehënnert hätten.
Fir awer elo nach eemol op déng Fro zréck ze kommen.
Ech weess, datt allgemeng ugeholl gëtt, een Tele géng d'Perspektive stauchen, wat awer net ganz richteg ass. Wann een nämléch op enger Foto mat 50mm z. B. een Ausschnëtt vergréissert, deen ongeféier engem 135 oder 200mm entsprécht, dann huet een och d'Impressioun, d'Perspektive wiere gestaucht. Ech hun awer elo nach net probéiert, ob dat och zielt, wann een ee Super-Wäitwénkel (16mm oder 20mm) am Zentrum "eruzoomt", bis datt den Ausschnëtt ongeféier 50mm entsprécht, an ob een di Verzerrung vum WW dann net mi gesäit. Dat misst ee mol experimentéieren. Mais ech mengen, de Bokeh ass bei engem Tele konstruktiounbedingt einfach mi grouss, oder aanescht gesot: d'Plage de netteté (ech kann dat net richteg iwwersetzen, obschon ech LU sin), ass méi kleng bei engem tele wi bei engem WW. Sou datt ech unhuelen, datt an déngem Beispill mam Auto d'Mauer méi onscharf ass beim tele wi beim WW. An ech mengen och, datt wéinst dem verännerte Standpunkt an der realer Distanz vum Plan-film zum Sujet, d'Perspektiv och aanescht ass.
Ausprobeieren hun ech och direkt geduecht, mais sin graat sou lidderech um Panorama-rechnen hei
Also eent as sou secher wei t'Amen am Gebiet, mat engem 105mm 200mm oder 1000mm, häss de vun deem do Punkt aus (also ouni den Apparat ze beweegen) emmer dei selwecht Perspektiv EMMER - DEI SELWECHT !!!!! Just dat net sou vill op t'Bild kennt. Sprech, wanns de dei do Foto crops, hues de genau dat selwecht Bild wei wanns de se mam 400mm vun do mechs. PERSPEKTIVESCH gesin !
Wat sech ännert as firun allem mol t'Opleisung, an eben och den Deiftenschärfeneffekt, jeh no Blend.
Wollt dat der ganzer Welt mol nach eng Keier matdeelen, an OCH MAT ENGEM GOTTVERDAMMTEN TILT-SHIFT, gesais de naischt, waats de net och mam Feschaa gesais, den ENNERSCHEET, as dat den TILTSHIFT-DETARASSE schon FIRUM SENSOR eng OPTESCH ENTZERRUNG mecht, deis de awer och mam WW am PS kanns machen, mais du VERZERRS deng PIXELEN !
ALSO GIT KAAFT ÄRCH DACH EN TILTSHIFT FIER MAT ÄRER 50MPX DLSRDELUX TILTSHIFTBILLER ze machen, an se dann mat 800PXL hei ze weisen !
Genau, gaga. Dat hun ech gemengt, och wann ech méch ëmständléch ausgedréckt hun. Den Ausschnëtt ass ëmmer dee selwéchten, WANN DE FOTOAPPARAT NET VUN DER PLAZ BOUGÈIERT. Mais wann een natirléch de Standpunkt verännert, fir deen nämmléchten Ausschnëtt 1:1 ze fotograféieren (also mat der Ausrüstung no hannen oder no vir geet, je no Brennwäit, dann ass et net méi dat selwécht.
Dat mam Tilt-shift hues du och gudd gesot, well di allsäits bekannten TS-Fotoen vu Modelleisebunnen (als Beispill) kann een in natura just durch sou een Objektiv imitéieren. Di Effekter op de Consumer-Kameraen oder am PS nogeschafft, klappen nämléch net ëmmer, wat d'Schärft an d'Onschärft vun de Pläng ugeet. A scho guer net, wann d'Foto net "vun uewen erof" gemaach ass.
Merci och fir de Link. Mais that's maths, an ouni vergläichend Biller kann ech mir mat deene Kurven do nach net alles virstellen.
Ech hun ebe keng bosse, mais eng Cavité mathématique...
Ech mengen das der an aerer Diskusioun héi ee ganz wichtegen Punkt vergiess hutt ... naehmlech dass d'Onschärft/bokeh vun der Distance zum Sujet/Schärtftepunkt offhänkt.
Verstin dech lo net Schluck, du hues zwou Variablen :
Distanz [Fotoapparat - sujet ] hei den A,
an [Sujet - Hannergronnt (also do wou de Bokeh soll sin), hei den B.
Natierlech erget sech aus deenen zwou eng drëtt : Fotoapparat - Bokeh. hei C
Aaner Fro: Huet nët d'Opléisung vum Capteur och nach eppes an der Geschicht hei ze soen? Also datt een 10mpx Capteur aaner Resultater a puncto Schärft an/oder Bokeh gët, wéi ee 24 mpx Capteur. Do ass dach di Geschicht mat der "förderlicher" Blend, déi ideal ass, well se di gréisst méigléch Déifteschärft ouni Liichtbéiungsonschärft beschreift. Och wa mir dat nach opgefall ass beim Kucken, sou ass dach eng Foto bei Blend 22 manner scharf wi bei Blend 8 oder 11, well d'Liicht bei f:16 méi gebrach gët. Awer je no Gréisst vun de Pixelen um Capteur kann di Blend 6,4 (Nikon D7100 24mpx DX-Sensor) bis 11 (Nikon D700 12,1mpx Fullframe) sin. Kann séch dat net och hei mam Problem vum Bokeh kombinéiert virstellen? (Ah jo, fir datt mir eis eenz sin: ech weess, datt d'office di "aps"-Sensoren ee manner schéinen an déiwe Bokeh produzéiere wi 24X36-Sensoren)
also ech gi mol hei derfun aus, dat mer emmer vum selwechten Capteur ausgin. Dei Variabel as net relatif, kann awer sin, well se jo och t'Blend beaflosst. (Meng X1 zb huet bei F/2 praktesch keen Bokeh, well t'Brennweit eben och dementspriechend kleng as duerch den Crop-Facteur)
lo gin mer awer zevill an aaner Detailelr eran fannen ech ...
Stëmmt .. wen liessen kann ass kloer am Virdeel. Ech hat d'Distance just am Kontext vun der Perspektiv gelies. Mea Culpa .. wann den Gennaro mer säin Rouskranz léint dann bieden ech 2 Vater Unser
Den Bokeh hängt och nach vun der unzuel vun den Blendlammelen of, oder leien ech och do Falsch ? 100% d'selwescht dierft jo dann nët sinn. Ass ob allen Fall eng intressant Fro.
Mir wëssen awer nach laang net alles, also op mannst ech mol.
An Technik ass wi d'Grammaire bei enger Sprooch: wann ee se kann, heescht dat net onbedingt, datt een och eppes Verstänneches ausdrécke kann. Sou ass et och mat de Fotoen: Technikkenntnësser si gudd, mais wann d'Foto kee Message huet, dann hëlleft se awer net vill, oder?
Oh elo provozeierste mech...
D'Grammaire wichtesch an d'Orthographie och. Mé dann kennt natirlesch d'Compositioun vum Roman, d'Expressiviteit vum Sachbuch, an daat seilescht vum POem... do geet Grammatik an Orthographie alleng net mei duer, ouni do get et awer Schizophrenesch, dh unlogesch oder och ouni Kommunikatiounskraft.
Wann ass eng Foto Kommunikativ... mé do well ech mech de Beispill vun der Musèk huelen:
Klassik: ouni Zait
Rock: 20 oder 30 verschidden Direktiounen , an do fennt jidderen daat waat him keint gefaalen
Blues: fir dei dei mengen dass d'Expressiviteit mei duerch "negativ Geffiler" geet.
Jazz: Eng Form vun Klassesch Musèk dei och hormonesch oder total chaotesch kenn sin, eng art realistesch an oft surreal klengt.
asw asw
An dann ass d'Kombinatioun vun allen genren ennert sech , ewei waiss mat scwarz, giel mat roud, asw asw... an ot sin dei Mëschungen dei scheinst...
Mé wei get en dann elo Creativ duerch Fotographie?
Duerch kucken an fillen, ... d'Haerz muss den Intellekt beanflossen...
An daat mecht jidderen op senger Art an Weis...
Mé Ortho an Grammatik bleiwt awer é prérequisit...
Du seess genau dat, wat ech och mengen. Grammaire ouni Kreativitéit, Gefill an Expressivitéit ass Charabia. Mais Kreativitéit ouni Grammaire ass och näischt, well dat versteet dann duerno keen.
Ausser et ass ee Visoinnaire, an et ass ee sénger Zäit viraus. An dann nach...
Merci och fir dee Link. Schued datt ech net méi Italienesch verstin. Ech muss awer mol méi intensiv di Sprooch léieren, an net nëmme sou, datt ech an Italien an der Vakanz méch am Supermercato an an der Gelateria verstännecht kréien...
Nee, am Italcactus muss een net schwätzen, mais awer bei de Carabinieri, wann ee séng Pabeieren op enger Gare an den Cinque Terre "verléiert"... An de gudde Mann keen tedesco, kee francese a keen inghlese versteet, awer un d'Schwärme kënnt, wann een em seet, et wier ee vu Lussemburgo, an hien séch dann u séng Arméiszäit zu Metz an séng deemoleg Sorties op Esch/A mat ... erënnert.
"Tagträume sind wichtig, damit das Gehirn aufräumen kann. Wenn wir ihm am Tag keine Gelegenheit dazu geben, dann tut es dies nachts", sot di läscht Woch ee Formateur zu eis an enger Formation continue.