Ech fannen deng Foto hei ganz gutt, am Verglach mat aneren Sachen déi hei gewisen gin. Dass dat nëtt Däin éischte Versuch ass, wees Du jo selver, soss wär deng Foto anescht cadréiert
Et wier schon mol gut einfach vum Fotograph gewuer ze gin waats de dann probeiert hues ?!?
- 1 Foto ? Jo, dat as der gelongen
- e Portrait ? Jo, bei alles wou en Mensch ze gesin as kann een e Portrait nennen...
Ouni eng gewessen Fiergab vun dier as et net meiglech der ze soen obs de dat ausgedréckt kriss mat denger Foto wats de wolls ausdrécken.
Teschnech kann een dat hei soen :
- Den Fokus setzt net um Aan mais ob den Hoer
- 1/125 an F5.6 sin gut, du keinns mat der Blend mei eroof goen fier den Hannergronnd mei onscharf ze kreien an evtl en Bokeh (sou kleng Kreeser http://commons.wikimedia.org/wiki/File:Josefina_wi...
- Dei Linn am Hannergronnt as net wierklech photogen, evtl mei en deiwen Bléckpunkt fier zb Himmel drob ze kreien oder den Horizont ...
- Am Prinzip kann een soen dat Portrait'en am Profil nie ganz attraktif sin, well t'Nuess extrem eraustecht an zb t'Aan net zur Geltung kommen