Fir den éischte Photoshopversuch fannen ech dat wierklech net schlecht, well ech och fanne, dass d'Rëss su ausgesi wéi wann se per Hand op d'Gesit opgemolt gouffe. Allerdings gesäit et fir mech nach net aus, wéi wann d'Meedche "brieche" géing, vläit och well den Gesichtausdrock dofir net passt? Ech hätt mir do éischter en erschreckten Bléck oder dergläichen erward. (Ech fanne och, dass dat Laachen net authentesch riwwer kënnt..) Déi 2t Versioun fannen ech besser, well déi ouni di eng Plaz méi natierlech wierkt, d Plaz gesäit richteg agesat aus. Wat ech och als stéirend empfanne sinn déi Hoer déi virum lénken Aa si. Bei su engem Porträt géing ech en héigt Format besser fanne.
Ech hoffen ech konnt der bësse weiderhëllëfe
Villmols Merci leena fir deng hellef
Jo also dei Foto war amfong relativ spontan entstaan, an ech hun reicht dono wollten dat mam briechen probéieren. Jo ech krut dei Plaatz leider net sou hin wei ech wollt, ech gin der Recht dass dei agesat wierkt Ech probeiren dann nexten Keier besser op dei Sachen opzepassen