Merci schéin beschriwwen Jean Jos. Riets ass nach eng Koppel op der Plage an en Frachter um Mier. Waar mer nett secher op ech déi sollt drop loossen oder Foto direkt riets vum Poul ofschneiden.
schéinen Sonnerenergang, Farwen an reflêt'en um Waasser fannen ech ganz gelongen, an ouni déi Persounen wär et fir mech méi eidel, fannen déi passen gudd genau do wou se sinn
De Jean-Jos an icylady hunn Foto ganz gutt beschreiwen an di Leit an't Schëff gehéieren fir mech och drop. Schëff misst just net de Bierg of schwammen. Et fält zwar bal net op well den siichtbaren Horizont vum Waasser nëmmen bis an't Mëtt vun der Foto geet. Scroll Foto ouni drop ze klicken mol einfach no uewen sou dass de rietsen Eck vum Horizont déi fix Kannt beréiert. Eng einfach Method d'Ausriichtung ze kontrolléieren. Wann do bei de Leit awer keng Blatz méi ass géing ech se sou sinn loossen!
Ech sin absoluten Fan vun Sonnenënnergäng , ass der einfach super gelong gefällt mer an den Farwen . Op den eischten Bléck hun ech geduet den Poul giff stéieren an op den zweeten denken ech dass just grad deen mescht d'Foto aus. Top