Wonnerbar, déi Momenter, a nach emmer gi se ofgemetzelt. Island, iwwert 100 Finnwalen an e pur Méint. Als totalen Walfreak, sin ech ewech bei esou Biller. Super.
Dat ass mir leider och oft sou gaang, an herno dann geduecht "Merde, hätt ech nëmme bëssen gefilmt" - oder ech hunn dru geduecht an da waren se awer scho méi wäit ewech. Mä egal, alleng dat sou ze erliewen ass schonn en absoluten Highlight
2x Merci obskur
Dach si ware ganz no a sinn ëmmer ënnert eisem Boot vun enger Säit op di aaner getaucht, mir konnten se baal heemelen
hei sinn d'Brennwäiten vun de Biller
1: 27mm
2: 70mm
3: 70mm
4: 70mm
5: 24mm
Déi véiert war e Moment wou mir all ganz ergraff waren. 4Stéck ware scho fortgeschwommen, wéi vun deenen 2 leschten een de Kapp sou erausgestreckt huet , wéi wann en eis nach wielt en Abschiedskuss schécken, duerno ass en oofgetaucht a fort waren se
Iwerall wou een dobaussen kuckt: Walen, Walen, a Walen, mee deng Walen Michèle kënnen mech richteg begeeschteren, si hun jo och näischt mam Spektakel vum 20 Oktober ze din. Daat muss een Gefill gewierscht sin wann déi Kolossen do rondrëmm d'Boot plantschen, waat jo awer och net eou rieseg ass wéi ech op der 5. Foto gesinn
Eis Wahlkandidaten si jo bei wäitem och keng sou Giganten
Merci Georges, a jo eist Boot war iergendwéi eng kleng Nëssschuel mat 25 Leit Besatzung, an d'Walen hun eis schon e bessi geschaukelt, mee genau daat war interessant, an ech si frou op de Confort vun engem grousse Kreuzer verzicht ze hun