Merci maimonides,
Architekt ass eng gudd Froo. Ass nach een Neibau ann just Fasade ass fäerdech. Awer wann een daat erausfend, wier interessant ze wessen (Rue Erasme direkt bei der Coque op der grousser Kraizung)
Du bass jo och een vun denen den Kritik verdréit ... Ech huelen mol unn dass de déi héi Symetrech wolls machen, mais dann mussen d'Linen awer och stëmmen. Déi 2. héi zum Bleistift Ueween ass se nach riecht .. mais wat een méi erof kuckt, kippt se ëmmer méi no lenks. Déi 1 am Fong d'selwescht.
Gudd daat weinstens een hei meckert
Wei schon bei däer aanerer ouni Statif ann bei däer 1. Stong ech op der Stroos fier se seier ze maachen, bei Däer 2. hunn ech se quasi blann gemeet well ech keen Live-View op der 200er hunn ann Kamera deif gehaalen haat weint der Perspektif. Hunn eng gudd Zait iwwerluecht fier se iwwerhaapt ze weisen well ech daat och selwer gemierkt hunn. Hunn se awer eropgelueden well Motif ann sech flott fannen. Wann een net 100% riicht dobai steht kann een donoo maachen waat een well, kreien se net esou wei ech well....
Nächstekeier erem mat 3-Been, versprach.
Ech fannen Deng 2 Fotoen um Kirchbierg, et Gebai vom Fond du Kirchberg genial. War zeg Mol do. Nie esou et gesin. Et muss een d' A hun an daat muss ech nach léieren..Bravo
TT
Merci TT, besonnech mat engem Waitwenkel huet een enorm Meiglechkeeten Architektur aanecht ze fotografeieren wie een ett tatsächlech gesait. Einfach iwwert den Kierchbierch treppelen ann duerch den Fotoapparat kucken, dann klappt daat schon