Ech hunn mol eng Kéier nuets zur Fënster erausgekuckt an d Stären bewonnert :) mengen ech muss awer nach e besi üben fir se ze fotograféieren, dass déi besser erauskommen, huet een tipps?
Di Stroos mat den Beem gefällt ma
Ma am beschten an eng Géigend goen wou KENG Luut(Luuchtverschmotzung) ronderem ass, dad heescht weit fort vun den Dierfer/Staat. An dann d'Blend sou weit opmaan wi meiglech an eventuell na bessen méi laang beliichten. Bei 18mm dierfst maximum 25 sekonnen beliichten well d'Staeren soss Strech spueren hannerloosen duerch d'Aerd rotatioun!
mhm also an dësem Fall wollt ech d Strooss jo mat drop kréien mä wärt och mol probéieren méi wäit fort vun allem eng ze man! Ginn dann mol op d Sich no enger gëeegenter Plaatz...
ah dat mat den 25 Sekonnen wosst ech nach net merci! ech hat der nämlech och mat 30'' gemat an dunn war mer och opgefall dat d Stären zu kuerzen Strécher goufen- kann ech ganz blöd froen firwat bei 18mm?
Ma dad war jo och op deng letzt fro bezunn fir Tips Jo dad ass net sou einfach mee daer Plaatzen gin et awer, zwar net 100% ouni Luuchtverschmotzung mee besser wi neischt
Jo ma dass ganz einfach: Bei engem DX Sensor muss een 300 duerch d'Brennwait deelen, dad gett dann di Maximal Beliichtungszeit befir d'Staeren sou strecher maan. An bei engem Vollformat Sensor muss een 500/Brennwait.