Schéint Billt, ech ginn ëmmer méi schwaach fir op de Bestell-Button ze klicken: ISO 1250 gesäit bei mir anescht aus.
Mam Kaffi klappt nächste Weekend. Ech kennen do een, deen huet d'Hänn net wéi vum Schëpen. Dee packt dann eng Thermoskan an zwee Becheren, wann d'Schëp ze schwéier ass. Ee Croissant kritt deen och nach an d'Täsch gestach, deen huet ëmmer eng Box un, mat villen Täsche laanscht Been. Freeë mech schonns op e gemittlecht Picknick nächste WE.
Hehehe .. zwar .. Platz hunn mer jo lo genuch .. fir den Dëch mat Prabelli ass jo och schon fréigeschëpt. Fehlt just nach den Kanal an d'Zelt dann brauch een och nët méi raus fir pissen ze goen. Dann verpass och KEEN méi dat beschten Bild vum Daag
Se ass awer och nach entrauscht soss wier awer e bëssen méi ze gesinn. Ass jo normal wëll soos wier den ënnerscheet am Präiss jo nët gerechtfaerdegt. Also vis-à-vis vun der MK IV fannen ech dass d'X all Euro wert ass wat d'Quali unbelaangt, dat enzegt wat ech vermëssen ass den Crop. Dofir hoffen ech dass eng 7D Mk II mat F/8 AF erauskënnt .. wann do d'Rauschverhaalen sou gutt ass (oder baal) wéi bei der X huelen ech mer déi ob allen Fall nach dobéi.
Eppes allerdengs kann och d'1 D X nët ... nähmlech duerch den Aascht virum Kapp knippsen
Ech soe jo, dat frei opstoen ass bal ëmmer fir eppes gutt.
Just gëschter moien net. Ech war em 5:00 Auer d'Réi fotograféieren, leider sinn se net komm.
Schluck, Madame Äisi gefält mir gutt.