Merci, Eng Froo, ein einfach Antwort: Woer ze lidderch den Auto ze dreinen.
Fannen och daat den Auto besser vunn hannen wierkt well Fensteren hannen schwarz oofgedonkelt sinn.
Maachen awer bei gelegenheet eng nei Serie vunn fier, dann och mat Statif fier mei Präzisioun. Hei ass HDR Freihand mat 5 knipsen.
Ah hei, och e Ford Eischtens mol en Auto deen een an däer doten Faarw net oft gesait. Zweetens kommen op der Foto d'Reflexiounen um Auto richteg flott eraus. Dat léisst den Auto an mengen Aen méi plastesch wierken.
Zum Cadrage, do hät ech eventuell lénks méi Plaaz gelooss, an eventuell en bëssen méi déif cadréiert, dermat d'Linnen vun den Schinnen nach méi an d'Bild kommen. Ech kann mer virstellen, dass doduerch eng gewëssen Dynamik an d'Bild komm wier. Ech wees natierlech net wei den Hannergrond do ausgesinn hät.
D'Bearbeschtung as der an mengen Aen bei där hei Foto besser gelongen, well et net su extrem no HDR ausgesait.
Merci fier dain detaillerten Avis.
Fäerf heescht Morello.
Wei ech gesinn, muss ech mol nachenkeier dohinn ann dei Saachen ausprobeieren, esou vunn fier etc,etc.... Ass joo eng flott Plaatz doo am Fond-de-Gras. Ett gett een roueg geloos, ann däerf een esouguer den Auto op Schinnen setzen ann seet keen eppes.... I LIKE
Matt dem HDR sinn ech awer kriddelech, wann see bessi no scrunch ausgesait gett se gelöscht...
HDR ass joo doo fier all Detailer besser erauszekreien. Hunn esouguer mussen den Chassis ofdonkelen well enn alles ennert dem Auto gesinn haat (Amortisören, Fiederen etc...)
Bei där anerer Foto fannen ech och just dass den ënneschten Deel, also di Grashälm an d'Reflexiounen op den Schinnen en bessen kënschtlech wierken. Mir fällt do lo keen bessert Wuert an Et passt awer eigentlech zur Foto. En plus fannen ech den Hannergrond mat dem Stës/ den Mécken gudd gelongen.
Merci, hunn mech bessi gewonnert daat se eppes ginn ass, voll geint Sonn geknipst matt 200mm, doeinst gesait een Mecken esou gudd. Sonn haat sech ann den Schinnen gespigelt ann doweinst esou grell.
Kuck hei Dei selwecht plaatz vunn Uewen : F-D-G dei 2.