Et ass immens schued, kucken dat Haus do schon lang, an de Metteg um véierel fir fënnef stung esou en Här do mat engem Statif dat ze knipsen. Flot verschafft Deng Foto
Nee, net getut, me ech hu mer geduecht, dat ass d'micky-maus. Ech war haut och e bësschen dohinner knipsen, an hu gesinn datt Facade awer wéinstens erhalen bleiwt
Déi s/w an gekippte Versioun gefällt mer besser wéi déi farweg... mee ass och just meng perséinlech Meenung.
Schued datt dat Haus ofgerappt gëtt... Ech sin e Fan vun aale Gebäier/Häiser... an ech géing et schon bal mi flott fannen, dat Haus komplett ze renovéieren an an sengem aalen Glanz rem erstrahlen ze loossen! Bon, ofrappen an eppes neits bauen ass wuel mi bëlleg an manner opwänneg...
D'Stëmmung an deem Bild gefällt mer jiddefalls ganz gudd! Huet eppes vun engem Geschterhaus