Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Life in a Beautiful Light

 
Life in a Beautiful Light
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    14.05.2013
  • Gekuckt:
    16150
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    19
  • Beliichtungszäit:
    1/160
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    150mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    650x975
  • Späicherplaz:
    291 KB
  • Originaldatum:
    12/05/2013
  • Fotoapparat:
    Nikon D3100
  • Programm:
    Manuel
  • Objektiv:
    Sigma 70-300
Kategorie: Natur »» Makro
2. Kategorie: Natur »» Planzen
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=72414]
Kommentar vum Fotograf:
Den gielen Bokeh am Hannergrond ass en riesegt Rapsfeld....
micky-maus 14.05.2013 - 00:53
Schei Paul, hätt villaicht bessi mei eng kleng Bleng probeiert, dann wier deen lenken Grashalem ganz schäerf ginn, ausser Du wolls ett esou hunnclosed_eye
Paul-H 14.05.2013 - 23:19
Hmmm, ok, mee versauen ech mer dann den Bokeh net? Deen gett jo dann awer net méi sou onschaarf?
Dovunner oofgesin-, et war zimlech lefteg, schon eng Chancensaach iwerhaapt eppes schaarf ze kréien ...
micky-maus 14.05.2013 - 23:23
Aah ok, dann kann ett natierlech och sinn daat d'Onschäerft vunn der Loft kennt, dei kannst Du jo nöt änneren ann geheiert zuer Natur.

Dovunn oofgesinn eng flott Natueropnahm matt scheinen natierlechen Faerwen.
Paul-H 14.05.2013 - 23:47
Soen der Merci, freet mech wirklech !
Jeanny 14.05.2013 - 06:07
gefält mir ganz gutt Paul,
Paul-H 14.05.2013 - 23:07
Daat freet mech Jeanny!
apeace 14.05.2013 - 08:27
Schéi Foto Paul mat schéine Faarwen, och wann et nëmmen e Grashalm ass!
Ëmmer nach besser ewéi Schwéngskätonguep oder Kaméilskätonguep oder Fraleit um Dëtonguepen! closed_eye
Paul-H 14.05.2013 - 23:06
Merci villmols!
Du schwetz mer aus der Séil apeace ! Hues de déi ganz Diskussioun ennert där enger Foto gesin?
apeace 15.05.2013 - 09:38
Jo hunn ech! Jiddereen ass vun deem iwwerzeegt wat en hei presentéiert, soss géing en et jo wuel net maachen. Mir kennt et awer leider a leschter Zäit öfters vir dass ech denken oh jee wat ass dat do lo nees fir eng Foto a firwat wëll ee esou eppes hei weisen. Mä bestëmmt läit et just u mengem Mangel u Verständnis un der Form vu Konscht! Ech bleiwen jiddefalls léiwer bei menge Natur Fotoen, och wann se technesch a kënschtleresch net perfekt sinn!
Paul-H 18.05.2013 - 18:02
Sen ganz Denger Meenung. Och an der Konscht gett et Grenzen, deemno och op desem Site.
icylady 14.05.2013 - 11:12
schéin Farwenkombinatioun, den gielen Bokeh ass dir gudd geroden an een rappel vun deem klengen gielen Fleck um Grashalm,
ech fannen et emmer rem herrlech ze gesinn waat een aus "nemmen engem XY" dach erauszéihen kann, gottseidank geet een als fotobegeeschterten matt oppenen Aen duerch d'Welt smile
Paul-H 14.05.2013 - 23:04
Merci villmols!
Et ass GENAU daat! Mat openen Aen duerch d'Welt. Daat hun mer wuel all gemeinsam.
gemu 15.05.2013 - 08:23
Schéin, deen Style do gefällt mer
Paul-H 15.05.2013 - 08:26
Freet mech gemu !
Paul-H 18.05.2013 - 17:58
.
MsJarryman 15.05.2013 - 09:00
Eng schéin Naturopnahm.
Paul-H 18.05.2013 - 17:58
Merci villmols !
jorsch 17.05.2013 - 21:33
Ganz poetesch mat dem schéinen Hannergrond! Gefält mer!
Paul-H 18.05.2013 - 17:59
Poetesch ass gudd gewielt fannen ech..., Merci!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 547 Gäscht online