Ui di do gefällt mer vun deenen 3 am Beschten! Farwen, Pose a Stemmung top! Ech mengen wanns de awer op deng Knéien gaange wiers an d'Lens e besse mi déif ugesat häss, dann wier däin Model nach méi erauskomm an ging net sou an den Eck gequetscht gin Stéiert awer net wierklech a mengen Aen, emmer nach eng ganz gelongen Foto!
hmm jooh dPerspektiv....
War awer gewollt, ech sinn den ganzen Dag op glaicher Héicht bliwwen an hunn hai mol den Contraire probeiert (een anert Argument war den wierklech hässlechen Iwwerdag den do direkt driwwer war) ;)
Misst se grad een Tick mam Perspektivtool zéien...mee wees net, as mol eppes anecht sou...
Ech bewoneren emmer dei natierlech Portraien, Oli. Teschnech denken ech ass se gudd (kennen naischt dovunn). Ech wees awer 100% ouni deen SUPER BOCK doo wäer se nach vill besser gell?
harhar DEN war extra fir dPhotogenler, dass dei eppes ze kuken hunn! :P
Nee am Eescht, ech hunn en net iwwersinn, mee war nun mol een Steck vun der Scene...(an mecht een Steck vum "natierlech" aus)
super Bock ...
eenzeg Sach dei mer net sou richteg well gefaalen as den POV, sou vun uewen eroof fier en Portrait as jo emmer kriddelech well et deformeiert. Et steiert mech mol net um Model, mais un den stierzenden Linnen vun deenen Lüftungsdeckelen.
Dann nach dei Mäsch am Gesiicht, bon, ech wees wei et as, wärend dem shooten gesait een esou Klengeschkeeten net ...
joah
D'Perspektiv as gewoht...hunn mech den ganzen Dag KLENG gehaalen, an hai et awer mol probeiert...
Et wier vlaicht besser wann dPerspektiv eng Bedeitung hätt, mat eppes giff interageiren, daat stemmt....
Kuken mol op ech se nach bessi diebelen kann...
D'Strähnen waren wöll...op denen aneren Fotoen och...do kann een net vill géint dNatur ennerhuelen
Vun uewen erof war mir och opgefall sinn awer dovunner ausgaangen dass et net anescht méiglech war... een Koup Zillen gesteigert huet oder soss eppes . Linnen ewéi de Gaga seet sinn mir net direkt opgefall. Well deng Opnam mech schonn faszinéiert huet net nëmmen duerch de Model Mä duerch Qualitéit...an déi fannen ech ganz gutt!!
De Portrait Sara Industrial ass deen vun deenen déi mir am beschten gefällt.
Waat mech hei stéiert ass schon gesoot an erklärt ginn, an zwar dass se vun uewen erof ass. Desweideren kéint ech mir och eng besser Plaatz firstellen wéi eng gro knaschteg Zillenmauer. Däin Model kennt awer op allen 3 sympathesch an natierlech eriwer.
hehe sympatesch as hat op allefall, dat mecht dArbecht och direkt mei liicht! (mir hunn allebéid nach net souvill Erfahrung wat Modelfotografie ugeet...mee jidfreen as motiveiert an dann klappt daat awer allgemeng ganz gudd)
D'Location war absichtlech "messy" gewielt, och wann daat op denen aneren 2 Fotoen net sou riwwer kent... ;)
Fannen et op alle Fall gutt dass du dech och e bessi mat Modelfotografie bzw Peoplefotogfafie beschäftegst, well et ëmmer interessant ass mat aaneren Léit zesummmen ze schaffen an een Resultat nie am viraus wees.
Erfahrung ass just een Deel dobäi mee daat zesummenspill teschend Model an Fotograf ass och wichteg, a gëtt mat Erfahrung an der Regel och besser.
Ech sinn net DEEN Modelfotografie Spezialist, mee ech wëll deen Beräich awer net mëssen.
hehe jup, daat hunn ech well geléiert, am beschten gung et bis lo mat engem quasi-professionellen Model, do huet een als Fotograf am mannsten Arbecht, mee weis du sees, daat geet mat der Zait alles besser....sen flaissech amgaang baizeleiren an den Beraich vun der Fotografie ze entdecken!