Ech weess si sinn net Top. Ech woll se awer weisen, well ech nach ni hei zu Lëtzebuerg an der fréier Natur esou Schildkröte gesinn hunn.
(An do sinn 700mm net duergaang) :-)
Rotwangenschildkröten sin enorm vill ennerwee well vill Leit se aussetzen wann se net mei sou butzeg sin. Et get en Här hei am Land deen sech drop spezialiseiert huet se opzehuelen, an deen get se schon net mei Meschter. Se einfach an t'Natur ze setzen as onverantwortlech an guer net gut well se immens gefreisseg sin an keng Feinden hun ... an aal gin se jo och nach. ( -30 Joer)
Zu dengem Kommentar, ech geiff se enner Doku setzen, dann kuckt keen op t'Quali !
Daat do as awer schon en gut ausgewuessent Exemplar!
villmools Merci dir déi Kommentar an d'Info.
Wann déi Rotwangenschildkröten nëmmen do sinn, well Leit se net méi wëllen an dofir ausgesat hunn, wann ech ganz schlëmm.
Wat mech den Dag och nach interesséiert huet, war, firwat se op verschidden Insel souzen. De Zäit wou ech do war, hunn se sech déi ganzen Zäit bekuckt. War et vläicht e Weibchen an e Männchen
Ma ech war och den Donnschdeg zu Remerschen an sin um ongeféier - 16.00 do laanscht komm. Do stungen eng Réi Léit déi iwwert Schildkröten geschwat hun. Sin mer do ons iwweet den Wee gelaaf?
Nee ech war vun 7:00 bis 12:00 Auer do an ech hunn e gewësse Marc do kenne geleiert, wou mir de Guckuck an de Bontspiecht fotograféiert hunn. Vläicht hues du hie gesinn, hie war de ganzen Dag do.
Laanscht Autobunn bei Kayl un Weier hunn ech di och schonn geknipst lescht Joer...war richteg Witzeg si hunn sech e klenge Briet mat Inten gedeelt an di lescht Sonn genoss..an deng Qualitéit ass awer vill méi besser gutt wéi meng.