mir gefällt t'Geometrie an deser Foto ganz gut Johny.
Do sin Rechtecker am gellenen Schnett oder no der Drettelregel, do sin Kreeser am Waasser, do sin dreieckeg Diecher an perspektivesch Trapezen. Vun allem epes. Just fier mech perseinlech fehlt riets e Steck.
Dei ganz präsent Flucht vum Balkon weist op epes, mais do as naischt fier stoenzebleiwen.
Ech keinnt mer fierstellen sech mei no Riets ze stellen, fier t'Sonn an de rietsen Eck ze kreien, falls meiglech. Ausserdem geet se bei deser Positioun e bessen verluer am Bild.
MbG
Méi no riets stellen wir net gaang well hannen hätt een dann d'Insel drop kritt, wat d'Rou vun der Foto géing stéieren. Mee du hues awer wuel Recht vum Prinzip hier, riets kéint nach méi sinn. Idealerweis wir d'Sonn méi an der Richtung ënnergaang
Et ass awer net esou dass riets net genuch wär, Johny. Do konzentréieren sech d'Wolliken an hir Spigelungen am Mier. An desem Bild ass eng Entrée an eng Sortie. De Fuerwëtz gët net gekëddelt, mais dat muss och net sin. Villes hänkt vum Titel of.
Wanns du di do zb
"Weltseele"
genannt häss,
da wär se e Gedicht.