Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Jay DeYonker

 
Jay DeYonker
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    02.03.2013
  • Gekuckt:
    12120
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    10
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    532x800
  • Späicherplaz:
    193 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Männer / Jongen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=70922]
Kommentar vum Fotograf:
Sin e bessi enttäuscht dass et hei um Site net méi vill kommentéiert get (zb meng läscht Foto Walking Dead, een Kommentar :/ )
Also Ech gin meng Fotoen hei zur Kritik frai an freen mech emmer op e Kommentar, Kompliment oder knallhaart Kritk....also traut Iech an losst d'Sau eraus :)
wuff 02.03.2013 - 12:44
Fir mech sinn d'Schieter en Tick ze donkel . An seng Fangeren gesinn en bësselchen no Plastik aus.
m-otiv 02.03.2013 - 16:12
merci fir den Feedback...Originaal war se wait vun donkel, mä hei wollt ech een High-Kontrast Low-Key maan, am verglach haat dess Versioun mir am beschten gefall.
micky-maus 02.03.2013 - 12:53
Vumm teschnechen kennen ech net genuch fier eppes ze soen, denken doo bass du Expär,
awer fannen dat seng Hand ze vill doninant ass ann sie lenkt enorm vum Portrai oof, dei gesait och irgendwei drankopeiert aus?? och fehlt den Damp vunn der Zigaar, ass joo bestemmt Rauchfrei amm Studio.closed_eye

Op allefall meckeren ech erem iwwert Saachen dei ech selwer net fäerdech kreien, an deem Senn: ALL RESPEKT FIER DENG FOTO cool
m-otiv 02.03.2013 - 16:47
jidereen huet eng Meehnung och ouni eppes ze kennen. Mir maachen jo keng Fotoen fir Profien ze gefaalen, mä einfach Leit die vun Foto an Teschnik manner Aahnung hun, also ass all Meehnung oder Standpunkt ze konsidéréieren.
D'Zigar war un, awer oft haat Ech Damp an sengem Gesiicht an dëss haat de büschten Bléck/Pos vun menger Auswaahl%u2026

Op alle Fall merci fir deng Kritik smile
Zora 02.03.2013 - 13:51
waat soll een engem m-otiv dann nach bei brengen???

ass daat en Cover fir den néien Pate!!!

mir gefällt se, dein Model huet den Bléck drop!
m-otiv 02.03.2013 - 16:48
Et léiert een all Daag. Oft gesinn Ech nemmen nach d'Teschnik an brauch eng objektiv Meehnung (souguer vun engem Leihen oder eng Persoun die matt Foto naischt um Hut huet)
Den Model ass e Schauspiller (Prague) an Ech war esou iwwerascht wéi hien op Kommando alles emgesaat haat...Eng supper Erfahrung
Maimonides 02.03.2013 - 14:40
Mat deem Numm
a mat deem Bleeck
ass dee jo well bal
eng kënstlich Copie
vun engem exquisiten Dandy.
Mephisto-like !

Zu der Foto, m-otiv, kann ech just soën dass ech se, no ënnert de Manchetteknätonguep, ofgeschnidden hätt.
m-otiv 02.03.2013 - 16:49
Daat mam kroppen war eng Schwéier Entscheedung, wéi emmer smile

Op alle Fall probéieren ech daat emol. Merci fir dein Kommentar
mischii 02.03.2013 - 22:00
ech hun am Fong hei näischt ze meckeren closed_eye,
vläicht déi hell Plaatz op der Stiir,
soss ass fir mech alles Tiptop
Sutebe 10.03.2013 - 19:16
Also ech fannen se "wei emmer bei dengen Portraien" einfach top .

mat enger mini ausnahm desskeier: d'fangeren sin maer ze plastesch bei deser, zuhmohls d'fangerspetzen...

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 469 Gäscht online