hey, so dei perspektiven gefaalen mer exterem gudd! schein richt linnen dei een eransucklen. Mais wei an aler welt kriss du dat esou hin?
Photomatrix seet mer grad leider naischt. wärt dat awer elo mol googlen. di resultater do sin phénoménal
Fier dei Linien doo esou ze kreien geheieren mol een gudden Waitwenkel. Hunn den 12-24 f4 vun Nikon schon mei aal ann senger Zait saudeier,awer gebraucht belleg kruut. Super Schärft ann Top Quali.
Dann eng Eiwechkeet mat dem Statif no lenks ann riets piddelen ann wurschtelen bis dann eng Foto setzt. Den Rescht get am LR4 riit gezunn ann verbessert.
Photomatix ass een Programm fier HDR zesummenzesetzten.
ah ma dei geschichten kenne ech muss elo erausfannen wei ech mat menger soft do erunkommen.
Schaffen mat "luminance hdr" an gimp ausschliesslech freware wei een mierkt xD
merci fier den feedback!
Also d'Photoen gefaalen mir gutt. Ech fannen just si sinn e bessen routlaaschteg. Ech wees net wéi daat beim HDR ass, mais z.B. den Plafong vun der éischter Photo, ass deen an Wierklechkeet net méi weiss ? Bei der zweeter ass et net esou schlemm-
Farwen an Kontraster sin fir méin goût wonnerbar!
Déi 2. ass fir mech den Glanz, wells do eng 100% Symmetrie dran ass, an daat ass net einfach wann een en Plafond fotograféiert.
Merzi Richie, esou aal Kierchen sinn emmer Dankbar Motiver, hei ass eigentlech emmer perfekt Luucht ann vill Linien wou een sech gudd kann orienteieren.