Eng Statue déi versonk ass an d'Betruechtung vun dem Tablo _ sou ass et mir opgefall am Centre Pompidou Metz.
Leider weess ech net wien de sculpteur ass, mee ech fannen säi Wierk ganz gelongen.
Ekzellent gesinn
Erlaab mir awer eng kleng Kritik... Haesste dech e bessi mei vun der Statue gestallt dann haesste daat selwescht kritt awer mamm ganzen tableau an mat manner Waiss op der Rietster Sait vum Cadrage
jo, elo wann ech dat sou kucken, ginn ech dir Recht, mee wéi ech d'Photo geholl hunn hat ech den Tableau express geschnidden. Ech wollt doduerch den Akzent méi op d'Statu leeën, an net oflenken duerch den Tableau.
Merci fir däin interessante Kommentar!
Mee d'Statu kuckt eppes ... dann ass et mei un dir den richteschen Wenkel ze fannen fir dass d'Foto esou dynamesch get ewei meiglesch... Et ass schon wichtesch en Equilibre Visuel ze hun...
Ouni dass meng Besser soll sin ewei deng ... mé et ass daat waat ech mengen Konditioneierten Choix
Déng ass ganz interessant! Ech kënnt jo probéieren bei ménger Foto en aneren Tableau dohinner ze hänken. D'Wand misst ech kënnen no lénks vergréisseren a rechts kroppen. Mol kucken wann ech Zäit kréien ...
Né ! Maach nächst Keier aneschters ... Kreativ sinn , kucken , Bewegen ! an Fehleren maachen ... du waerst gesinn an e weinech Zait hueste Wochefotoen ...
oh, dat ass gutt dass du mir e bësse Courage méchs! Ech hat schonn iwwerluegt ob ech net falsch sinn hei, ech gesinn dass déi meescht hei vill méi wäit sinn an och besser Material hunn.
Mä ech ka jo mol mech inspiréiere loossen.
Hop oppop... Alles kennt mat der Zäit!!!
Waat d'Kritik méi haart ass waat fir dech mei konstruktiv keint sin... du muss jo net alles akzepteiren mé Dialektik muss sin!
PErsévérance , wannste un der Foto interessen hues!
Kann ech nët novollzéien, wann et generell gemengt ass. Et kann een dach grad sou gudd e Konschtwierk flott op enger Foto duerstelle wéi soss iergendeppes ?
muss ech mech lo verteidegen?
Ech sinn d'accord mat dir wann et em meng Fotoe geet déi ech vun Tableaue maachen, déi mir gutt gefalen an enger Ausstellung. Dat ass fir mech eleng, fir se doheem ëmmer rëm ze kucken. Duerfir däerf een am Louvre z.B. och alles fotograféieren oder ofmolen.
Dat hei ass awer eppes aneschters, wéi ech a mengem Kommentar zu der Foto erklären, do hunn ech eng mise en scène gesinn, déi ech wollt festhalen.
Ech wéisst just gäer wien de Sculpteur ass, fir dass ech e kënnt och nennen.
dem no waat ech op deser Foto gesinn an erkennen steet dei Statue net zoufälleg sou do dass se den Tableau kukt...
domat as dIddi dass "si Konscht bewonnert" net vun dir mee vum Künstler den daat sou arrangeiert huet --> an domat wier dIddi kopeiert....
am aneren Fall, get et effektiv een "gudd gesinn" / (och wann dei Situatioun net sou eendeiteg ze erkennen as...)
Du hues och recht ... ouni zweifel!
Mé soll mir daat esou stark syndikeiren? Ech mengen net! Ech hun meng Ménung zur Technik gesoot ... de recht ass dem Fotograf seng "affär" .