Flott Serie Nicon07, woubäi di 2te mer am beschten gefält.
Dest duerch de Bildobbau bei deem de Blëck fir 1te lenkssäiteg an d'Dall erof geet ieren no riets op di super Faarwen a Kontouren vun dem Himmel geet.
Di 1te ass och super flott duerch Géigeliicht vun der Sonn, hei get d'Féierung vum Blëck e ganz e besschen durch deen Lens flare mëtteg am Bild ofgelenkt.
Merci fir déng Analys. Dee Lensflare an der éischter Foto ass mir mol guer net opgefall. Do gesäit ee, wéi wichteg et ass, wann aaner Leit wi den Auteur vun der Foto matkucken.
Déi 2 éischt gefale mir richteg gutt...menge, wann`s du bei der 1. ënnen d`Feld géifs e besschen wechschneiden fir e Pano-Format ze kréien, da wier déi nach besser. Farwlech sinn se genial!
Ganz flott dei heiten. Fir mech hei nummer 1. Ass eng flott stemmung an en flotten kadrage. Gefällt mir immens gud. En scheinen sonnenenergang. Ech fannen awer dass dei 3 hei net an serie passt...
Merci, Nathalie. Di drëtt passt, deemno wéi, wirklch net an des Serie, well se jo am Fong de Sonnenënnergang am Réck duerstellt, mais ech hun se awer mat rageholl, well et einfach eng Suite ass, déi ufänkt mat enger Foto wou d'Sonn nach iwwert dem Horizont ass, dann eng, wou se just ënnert dem Horizont ass an dann nach eng, wou se den Himmel an d'Wollecke mam Mound nach indirekt ustraalt an eng Reschtluucht nach d'Landschaft beliicht.