... wann de Negativ ok ass da gëtt de Scan och gudd (normalerweis ), allerdëngs nëmmen bei 6x6 oder méi grouss. Bei Klengbild fannen ech ën nët esou doll...
Ahh vunn deem dooten huet mein Papp emmer geschwärmt.
Hien haat ufank den 60' ann enger Fordgarage ann der Staad geschaft ann huet vill als Karossier um 17m ronderemgeschrauft.... Hunn nach irgendwou eng Foto bei mengen Elteren leien wou hien eng Heckfloss mat der Hand nodeengelt. Wann ech se fannen lueden ech se mol erop.
Daat Haus steht daat nach, oder ass Zora schon daduerch gaang?
Flott Foto, kommen rischteg ant schwärmen
Ahhh déi aal Ford Garage an der Staad... daat muss jo déi verflossen Atomotor gewiëcht sin...? Ech hun nach esou nebulös Errënnerungen un d'Autofestivalen an de spéiden sixties, si waren an der Géigend wou haut d'Garer Post ass.
Keng Ahnung wou daat Haus ass oder war, déi Foto ass aus den Negativarchiver, déi ech vu mengem Viirgänger geierwt hun. Well de gudde Mann scho längst daat Zäitlecht geseent huet, kann ech hiën och nët méi froen...