Wann et net eng Kadréier ass dass de Plommen zielen kanns dann....
Fir mech eng schéin Dokumentatioun wat do iewerhat ze gesinn ass... an do ass eng schéin lass Schluck...
Salut Schluck,
Deng "Wäitwenkelopnam" ass interessant, da kann ech mir e bessche besser virstelle wat ech e Mettwoch nach sou alles verpasst hunn. Do war jo wierklech eppes lass, wann ech déi puer Biller kucken, déi hei bis lo opgetaucht sinn. Verstinn, datt dir dem Faass do wollt séier lass sinn, an iech op aanere Saache konzentréiert hutt.
Ech kann mer gutt virstellen dass de den Bauch ee bëssen Wéi hass ... den Lac do leeft jo nët fort an mir kënnen jo och nach eng kéier ee Weekend dohinn fueren. Ech hunn do een flotten Gite entdeckt deen een labber zou ee puer kéint deelen. Spéitstens am Fréijoer wëll ech ob allen Fall nees dohinn. Bei sou enger scheiner Landschaft an diversitéit un Liewen ass effektif den Béier schnell vergies.
Ët ass ëmmer déi Saach mat der Meteo .. am Unfank vun der Woch woar fir ee Mëttwoch nëmmen Sonn gemellt .. wéi ech ee Mëttwoch gekuckt hun woar fir ee Sonndeg nëmmen Sonn gemellt .. Haut ass dorauss dann Reen ginn. Am Moment kanns de mol nët méi dat Gléwwen wat se fir muer mëllen.
Flott Weitwenkelopnahm, muss och mol nees op den lac du Der fueren.
Dei do sin bestemmt ganzt Joer do, am Freijor bei der Migratioun muss et richteg flott sin.
Jo ass ob allen Fall dowert .. héi sutzen der ob mannst 50 an hannen an den Beem hues de gemengt ët wier Lametta um Chrëchtbeemchen .. en plus Dausenden Komoranen, Méiwwen usw. vun denen 40000 Kruckerten mol net ze schwaetzen