sorry rivanerJoe
also iergendeppes stéiert hei am bild an der grousser versioun nach méi !!
ronderem de kierper as bild scharf! an dann d'mauer déi rem méi no un eis ass rem onscharf!
bei sou opnahmen déi gestalt sin muss de einfach op détailler oppassen , hoer nokaemmen, den t-shirt resp. Top spaanen, wenn et muss sin op der aanerer sait pincen setzen! an da wirkt dengem Model sei kulle Bleck nach besser
Dat mat der onscharfer Mauer, dat war ech. Den Iwergang as net douce genuch vun dem onscharfen op den scharfen Deel. Initial war se scharf.
Wat d'Pefektioun ugeht vun Hoer, Piercing an sou, do muss ech soen, dass ech déi Pefektioun net sichen. Dat mecht Sënn an der Optragsfotografie, mee ech schaffen alleng, ouni Assistent an ouni finanziellen Intérêt. Wann ech ze lang un de Medecher koschteren, dann hëllt dat d'Stëmmung un der mir vill läit.
Mir geht et drëm, "normal" Medecher, méi oder manner alldäglech ze fotograféieren. Do kemmen si och net hir Hoer all 3 Minuten.
ahhhh schein gesoot
Gin der rescht waat perfectioun ungeet.
Daat gepinsels an gekämms mecht sust op profi niveau senn
Waats de mei un den Leit fummels waat dei emmer manner loscht hun ze posen
Oh do wär ech geren mat gangen .
et ass en scheint Model an en leift Magdel hi huel him en scheinen Bonjour mat vum Lucien an so him dat ech net zefriden sin mat mengen Fotoen vun him
So wanns du et sou Fotografeierts wei lo dan pass op dass du deng D20 op den richtegen Punkt scharf stells , ech hun dessen Wegend den selwechten Fehler gemach