Elo hunn ech e puer mol deng zwou Fotoe verglach (Gro Mees an Kuesleefer), si gefale mir allen zwee gutt. Mäi Favorit ass elo awer duerch déi schéi blo Faarf, de Kuesleefer
Di beid Fotoen (Gro Mees an Kuesleefer) fannen ech ganz gud an immens scharf. Bei dem Kuesleefer fällt mer op (esouwuel an der grousser wei der klenger Versioun) dass d'Schärft um Aascht wou de Vull drop setzt net progressiv mee "mat engem Pinselstrich" ophällt; an ech gesin och en "Echo" ronderem de Kapp vum Vull. Ech huelen un dass dest en Artefakt vun engem partiellen Noschärfen as. Bei der Gro Mees gesin ech neischt esou, dofir froen ech mech ob d'Foto vum Kuesleefer net (nach) besser wier ouni dest Noschärfen.