Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Gras am Mettesliicht

 
Gras am Mettesliicht
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    25.09.2012
  • Gekuckt:
    8771
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    13
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    804x923
  • Späicherplaz:
    282 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Makro  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=66949]
Kommentar vum Fotograf:
Mam Wasser am Hannergrond
Arbi 26.09.2012 - 08:24
Ech froen mech grad, wat deen Schied do rondrem d'Planz verursaacht... ?
Paul-H 26.09.2012 - 08:29
Kenstlecht Géigenliicht mat der Software derbäi gefuzzelt... E bessen iwerdriwen?
MarcGerard 26.09.2012 - 08:50

kënschtlecht géigeliicht?
wow, ween huet der dat bäibruet? dat get et net!

dat do kënnt normalerweis dohier dass de de kontrast an de mëtteltéin iwwersteiers! dat heescht am RAW, an och an aner programmer "Clearity" oder "Klarheit". dat gesäit genau dono aus, an ech fannen et gesäit.... aus! smile

du muss awer och net elo eng ouni déng kënschtlech géigeluucht eroplueden. ech denken net dass d'foto ouni dee schied méi intressant wier
OK-Photography 26.09.2012 - 09:24
bigsmile
Paul-H 30.09.2012 - 22:58
MarcGerard, du fenns si gesäit ..... aus? Du hues där och hei drop, mee ech kommentéieren se einfach net. Du mechs zwar och super Fotoen mee du muss Dech dofir net direkt fir deen beschten aus dem Land haalen.
MarcGerard 01.10.2012 - 08:40

jo nee, lo pinsch net.
ganz éierlech: wann ech der elo "schéi foto" dohinner geschriwwen hätt? häss de dat léiwert gehat oder wéi?
Paul-H 01.10.2012 - 09:43
Ech sin wäit ewech wegen dengem Kommentar ze pinschen.
Du duerfs natirlech schreiwen a kritiséieren waats de wells, dofir huelen ech mer dann awer och d'Recht raus ze entweren waat ech well.
MarcGerard 01.10.2012 - 10:07

jo, mee dat as awer eppes anecht!
gudd, ech verroden der et: ech wosst scho virdrun dass ech net dee beschte fotograf am land sin.
du wosst awer fläit net dass dat do... eben ausgesäit!
an du denks also, all kéiers wann een der eng sachlech, a frëndlech gemengte remarque zu enger foto vun däer get, misst de dann deemjeinege soe wéi gudd dass en as, oder ob en dee beschten as?
wanns du mer wells eng baff gin, da schreiw mär dat bei eng foto déi der net gefällt. ech wäerd dann och net soen "asou, ok. ech gin iwwerhapt net op dat an, mee ech wollt just soen dass du net dee beschte fotograf am land bas!"
éierlech, geff dach zou dass du hei total perséinlech reagéiers, an dass der d'foto un sech iwwerhapt net wichteg as. da kommentéier méng fotoen. et get vill drun auszesetzen, an ech kann se och net méi gesin. mee schéi wier et, wann engem dat engkéier giff gesot gin, amplatz emmer dat geschlems doremmer!
OK-Photography 01.10.2012 - 11:31
bigsmile


bigsmile


main Päfferkär: NAISCHT schreiwen, well eng Foto SCHLECHT as, as eng (...) Astellung, domat kent keen weider - an et krit keen sain Status als Beschten Fotograf am Land unerkannt....oder ooferkannt..... closed_eye


Souwisou sinn ech den, ech haat eng Wochenfoto! ;D
MarcGerard 01.10.2012 - 11:38

boah, hat elo ee moment gemengt déi aktuell wier déng xD
mee déi gefällt där bestëmmt, du hammel!
iwwregens: äntwer mär op méng email, wanne ch där schon emol engkéier schreiwen!

@Paul-H
ech mengen et net béis! mee wann all mënsch esou reagéiert wann ee mol engkéier eppes anecht gesot krit wéi "oooh, schéin!" da kann een hei jo awer net richteg madenee schwetzen
an iwwregen déi punkten ("gesäit ... aus"closed_eye stin NET fir "schäiss"... mee einfach fir eng denkpaus! ok, also schäss as se net. se as awer och net dowäert fir hei ze streiden!
Paul-H 01.10.2012 - 16:16
Richteg: d'Photo ass net derwärt fir dass mir hei streiden, ech hun tatsächlech schon "besserer* hei drop gesaat. Ech haat d'Punkten tatsächlech als Sch..... interpretéiert, wann daat net sou gemengt war dann ignoréier meng Reaktioun w.e.g., dann hätt ech däin Kommentar direkt als konstruktiv Kritik erkannt. Mee wanns de schreiws, "Du muss se och net ouni kenstlech Géigenliicht nach eng Kéier rop lueden", dann gett een schons e bessen dupéiert...

@BlackPanther:
"NAISCHT schreiwen, well eng Foto SCHLECHT as" ass tatsächlech vleit wirklech net déi richteg approche, allerdings hun ech gemierkt, an der relativ kurzer Zäit wou ech hei sin, dass et hei Leit gin déi nemmen déi "manner gudd Photoen" roof maachen an nie eng gudd Foto luewen. Daat kann et dach awer och net sin, oder? Also, wann een kritiséieren kann muss een och luewen kennen, an emgedréit ass och gefuer.
Mee, loossen mer kenn Forum hei draus maachen smile iech zwee nach e schéinen Daag! (Ass lo NET arrogant gemengt).
MarcGerard 01.10.2012 - 16:49

dat as schéin dass mer op ee gemeinsame nenner kommen. hätt mech och gewonnert smile
an du hues recht: et muss méi geluewt gin! awer nemme wann et éierlech as smile
allez, a fläit bis déi nächst kéier closed_eye
OK-Photography 01.10.2012 - 23:18
dito!! smile (freet mech och!)

en schingen owend zrekgewönscht, 2mol smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Passerelle

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: MandyM
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 537 Gäscht online