Milvus milvus op latäin, milan royal op franséisch.
Deen hues de awer fräigestallt an op e wäissen HG gesaat, oder?
Flott, wéi d'Sonn vun der Säit op e schéngt a wéi en dech am Aen huet.
upps! natierlech ass et milvus milvus.. hun do wuehl dat falscht copeiert gehaat XD merci
nee hun en net frei gestallt (hun keng Ahnung wei ech dat mat mengem Programm geif hinkrein) en war firun enger Wolek an ech hun dei ganz Foto sou opgehellt, dass et sou ausgseit
maa dann muss de an den Auto klammen an entweder an d'Eisleck fueren oder an Deitschland, do wou vill Felder sin. Op sou Plaatzen fenns de schon sws eng grouß Unzuehl un Greifvigel (Merlin, Turmfalke, Mäusebussard, Rotmilan, Weihe,..... etc)
wanns de dann och nach kuks wou sech en Bauer amüseiert sein Feld emzeplouen fenns de der sou vills de wells