Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Japan Bridge

 
All Fotoen an dëser Serie:
30745 Thumbnail
30746 Thumbnail
30747 Thumbnail
30748 Thumbnail
Japan Bridge
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    12.09.2012
  • Gekuckt:
    22209
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    18
  • Originaldatum:
    22/08/12
  • Fotoapparat:
    Canon 5D MarkII
  • Objektiv:
    Canon 24-70 f2,8L USM
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nei Bauwierker
2. Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Street
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=66587]
Kommentar vum Fotograf:
Dës Bréck zu Paräis op der Défense hat mir et ugedoen
Architekt: Kisho Kurokawa
VeloBen 12.09.2012 - 20:52
Foto Nr 3 kann fir sech stoen.

Impressionant !
mischii 12.09.2012 - 23:11
stëmmt Ben, hun ech och gemierkt wéi se an der Série war
merci, freet mech awer dass et gefällt
Maimonides 12.09.2012 - 20:54
(Kisho Kurokawa)

Eng Série mat ville Facetten, Michèle.
mischii 12.09.2012 - 23:09
merci Charel, an och fir d'Info,
interessant wat et do nach ze liesen gëtt wann een e bessi googelt, d'Dissymetrie vun der Bréck war mir mol net opgefall , hun ech awer lo gesin!
Maimonides 13.09.2012 - 20:42
Wa mir Architektur-Fotoën gefaale, Michèle,
da gin ech ëmmer sichen.
An da fënnt een Saachen
déi een nach nët wosst.
gemu 12.09.2012 - 21:18
Eng wonnerbar Série, fir mech 1, 3 an 4. Ganz besonnesch Nr 4 e flotten Street do an et get nach vill ze kucken an der Spigelung. Gud geschafft mischii
mischii 12.09.2012 - 22:56
4 ass och mäi Fav, merci Georges
deSir 12.09.2012 - 21:25
dei dreet am SW as super,eng flot Serie dat as och menges
bj John
mischii 12.09.2012 - 22:55
freet mech John, merci
mischii 12.09.2012 - 23:31
an nach e Merci fir de Fav
smile
Abacab 12.09.2012 - 21:43
Deng Fotoen vunn der Japan Bridge hu mer et och ugedoen!
mischii 12.09.2012 - 22:55
dann hat et sech jo gelount, dass ech do e bessi méi laang gespillt hun, smile
merci Abacab
Jeanny 13.09.2012 - 07:50
fir mech däi eescht Michèle, Perspektiv an Faarwen gefale mir wonnerbar
mischii 14.09.2012 - 18:01
merci Jeanny, mir haaten ons Freed do
jorsch 13.09.2012 - 08:44
Flott Serie!
Mir gefält 3 am beschten, besonnesch mat dem Gebai mat den 1000 quadratesche Fënsteren am Hannergrond! ( Schued datt lénks nach dat anert Gebai sech virdréckt. Keng Mannéieren! )
mischii 14.09.2012 - 18:02
jo de Passage war leider e bessi schmuel smile,
merci jorsch
NikonD80 13.09.2012 - 11:09
flott Serie, haaptsächlech Nr.3 gefält mir
mischii 14.09.2012 - 18:03
merci NikonD80 , freet mech dass di s/w sou gudd ukënnt

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 524 Gäscht online