Flott Serie, woubei ech fannen dat wei bei villen Macro-Serien, eng Foto alleng et och gemach hätt. Ech hun och oft deen Probleem dat ech mech net kann decideieren weieng Foto ech eroplueden soll, mais do as et menger Mehnung no um Fotograf, sein eegenen Choix ze machen an dei bescht ze weisen.
2 an 5 sin menger Mehnung no net gut genuch fier an t'Serie.
1 an 3 hun e besseren Bildopbau wei t'4, also bleiwen nach dei, do geiff mier dann t'1 am beschten gefaalen weinst dem scheinen Bokeh an den mei frenndlechen Summerfarwen.
Lol jo wat lo dierft accepteiert gin an wat net, schwtzen ma lo mol leiwer net, dat ass erem en gaaaaaannnzzzzt anert thema...
Mir hun se alleguerten gud gefall, well se den schmetterleng (obwuel et emmer deen nemmlechten ass) awer an verschidden posen weisen. eng keier seitlech, dann mei schrei, frontal, dann rem mat sengem "rüssel" eraus, ...
Ech geif mengen jiderengem sein gout, mein Favorit ass bei deser Serie dei 3. an dann dei eicht, heescht wann ech lo nemmen eng erop geluerden hett hess de dei eicht net gesin, soit...
Merci Schluck.
Dann hues de awer na net mein Lavendelstack gesin deen ech hun...
Machen der next Joer mol eng Foto vun deem (lo ass den lavendel leider schon geschnidden an ech och net mei an der vakanz), an dann wers de dech wuel wonneren wei deen wisst. Nämlech wei onkraut an all direktiounen
Eng schéin Serie vun Bläulingen, wou mir déi 1. an 5. ganz gutt gefält! De flouen pastellfaarwegen Hannergrond (1. Foto), Spill vun der Schäerft an Onschäerft super gelongen!