Ganz flott Macroen, Farwen An Schärft kommen gut zur gelltung ! den Hannergrond bei da 2ter fannen esh besser an mei roueg an verleit da Libelle dei ganz Opmieksamkeet !
Merci gi87!
Ganz richteg! Ech hat en Tele drop a kee Macro duerfir ass bei der éischter e bësse vill Gras mat drop komm well d'Distanz zimlech grouss war.
Hehe, mam Tele kritt en och flott Macroen gemach, hun da vill esou gemach, an wat flott ass et kann een op Distanz bleiwen ouni deieren zevill nervös ze man, de Bokeh ass opjiderfaal ganz flott bei da 2ter, wat weien tele heuste dann do genotzt ?
di gestreiftr libell geseit aus ewe en tiger an esou deitlecch super an di 2 foto dei libell hun ech och schon oft gesin awe dei aner net ,awer super,super,super,super,super Fotoen
Super déi doten, ech haat déi nach net gesin, wor an der Vakanz. Eng exceptionnell Schärft op der ganzer Linn a schéin passend faarven, do muss d'Libell awer schéin stall gehal hun
Merci Georges!
Déi 2. ass mengen ech besser well den Hannergrond méi roueg ass.
Ech hat en Tele (70-300) benotzt, duerfir hat ech méi Distanz, soss wier se wuel net setze bliwwen.