Bon, et as schweier wann een net selwer do wor, mais mier fehlt den Himmel op der Foto, zumols bei 1-4. Soss natierlech och schweier ze soen weieng Perspektiven een do am Terrain kann kreien.
Jo zumolls Ech absoluten Ufänger sin...an et huet och enorm deen Moment gereent ,waat Een op der eischter Foto geseit dei Ech virun 2 Deeg eropgeluden hun. Wees net ops Du Dei gekukt hues????
jo, mais ech hat gemengt daat wier einfach vum Waasserfall, bei sou Wasserfäll reent et jo am Fong emmer
Ech kann der net vill hellefen hei, ech kennen t'Plaatz net, mais fier mech as t'Foto einfach zevill ... tjo, et fehlt epes, en Bildopbau ... dei 2t as nach am beschten well se net flatsch an t'Mett gesaat as an den Waasserlaaf schein ennen an den Eck leeft.
Wei gesoot, bei sou Naturmotiven fannen ech den Himmel ememr relativ wichteg, muss awer net sin, hei wor och keen bloen Himmel wann ech mech net ieren mais eichter bedeckt.
Irgendwéi ähnelen séch d'Fotoën vill ze vill fir eng interessant Serie vu 5 Biller. Am Fong geholl wieren 2 Fotoen duërgaangen: Eng vun deene 4 éischten an di lescht, déi wierkléch aanéscht ass.