@dass et keen mensch interesseiert wei et dem naechsten geet ....
dat ass leider esou, ech huelen un dats och du hien net erwëscht hues, an e Kaffi mat em drénke goungs.
Huet en d'Erfahrung gemaach dat en un engem gerëselt huet, fir ze kucken op en iwwerhaapt nach lieft, den dann erwescht an aggressiv, domm a frësch gouf ... dann huet e Léiergeld bezuelt.
Dono ass et engem net méi egal , mä et kann en dermadder liewen
D'fro dei sech eischter mier gestallt huet ass, wei laang lait en schon do an ech schaetzen dass mindestens 60 Lait schon einfahc laanscht gaangen sin, an dei zoustaenneg vum Breideschersbuttik et och matt kritt hun,
5 minuten mei spait ass en awer rem ronderemgetierkelt
en huet nach geootemt, also geschnarscht
Ech wees nët ob daat nëmmen un der Gesellschaft lait wann Mënschen sech bewosstlos saufen...muncher hun vlait Pech am Liewen, mee vill sichen sech hiere Misere och selwer. Mir kënnen nët jiddereen retten, a scho guernët wann en daat nët wëll
waat soll mer un deem Jong leed doen ?
As en geschlo gin ?
Den Gronnt fierwaat en sech net gut fillt a saufen muss kann traureg sin. Sein Schicksal huet hien awer emmer nach ganz alleng am Grapp, an daat do as et waat en draus mecht ! Villeicht huet en och einfach gut gefeiert ? En gesait jo net wei en Clochard aus ...
Mais deng Foto as gut... flott, interessant as eichter daat passend Wuert !
jo leider .. enger saits leit et um desinteresse vun den elteren aanerer saits och un den ufuerderungen dei gestallt gin fier eng aarbescht iwerhaabt emol ze fannen ..
jo, dat ganzt fänkt am Elterenhaus un, wann dat net stemmt hunn se et schwéier am Liewen, an däi vill Patchwoork-Familljen, jo, eis Kanner hunn et haut net einfach,