Du hues bestëmmt net onrecht, mais ech denke mir, datt bei méi offener Blend, d'Harespel, ëm déi et mir hei geet, net genuch Déifteschärft hätt. An ech weess net, ob bei manner Schärft den HG vill aanescht gewierkt hätt.
Also den Detail ass schon beandrockend ! Gefällt ma immens ! Jo dat stemmt mat enger f 4 wieret wuel net deurgangen op deier Distantz zum Sujet, dat ass Wouer, kloer den Offstand vum Hannergrond Spillt och vill mat op deen no oder weit ewesch ass
Dat Rauschen hat ech och mam blur-tool probéiert ze ënnerdrécken, awer dat war an der éischter Verarbéchtung. Hei hun ech et vergiess ze maachen. Mais kuck, wann ech elo ee Film gehat hätt, wier och Rauschen dra gewiescht...
Wanns du déch op Macro spezialiséiers, da bleif bei digital.... Ech hun ee Verméige verknipst fréier, fir heiansdo eng scharf an net verwackelt Macrofoto analog ze kréien.
Do brauchs net sou no bei de Sujet ze goen fir 1:1 vergréisseung ze kréien an da fléien di Dénger net sou séier fort; di Lëns ass nach een Tick méi scharf wéi de 60mm an de VR mécht, datts du och nach mat 125stel Sekonn verwackelungsfräi knipse kanns...
Wonnerbar geroden, sou däitléch, dat een all eenzelne Buuscht erkennt.
Mee ech hunn se léiwer wäit ewech op Dénger Foto wéi hei bei mir op ménger Gebeesseschmiir.