Mëscht mech awer och nodenklech.....
Du trëffs et op de Punkt.
En ale Pëtz .... a frësch Waasser ...
Virgëschter, haut a muer............. wenn mir drop oppassen.
Well och ons Kanner iwwermuer frësch Wasser hun,
wenn mir et net méi brauchen.
Awer och haut
Waasser keng Selbstverständlechkeet fir jiddereen ass.
Krich, Aarmut a Leed wéinst de Waasser op onser Welt bestinn.....
Merci gemu. Dee Gedanken war mer och komm, "kristallkloert Waasser" an dat hun ech versicht an Foto no 2 festzehalen durch eng aner (vill mi kurz) Beliichtungszäit wi op Foto no 1. De Schwéierpunkt läit hei beim Waasser
Op der éischter Foto ass vill ze vill Gewulls, do weist sech kee Bildopbau. Déi zweet klappt vill besser well se sech op een Detail konzentréiert an deen gutt mam Hannergrond ënnersträicht.
Meng Iddi war vum Gesamtbild op den Detail ze goen fir den Sujet (Pompel a Waasser) besser ze veranschaulichen. Et kéint mer awer hei eigentlich méi op den Detail un(=Foto no 2 =>Waasser, dofir och hei méi eng kurz Beliichtungszäit). Beim 1.Bild hat ech selwer och dat Gefill, dat den Hannergrond zevill onrouig wär, ma ech wosst nit wéi ech d'Motiv a senger Gesamtheet besser kéint kadréieren. Et war mol ee Versuch, ma ech sin dankbar fir all Ureegung an Kommentar. Et freet mech, dat d'Foto no 2 gefällt. Merci