D'Himmelsdéierchen ass natiërléch wonnerbar geroden.
Mee wat di Foto virun allem aussergewéinléch mécht, ass di Tatsaach, dat vun der Pissblumm ausser dem Still bal näischt méi do ass. Et huët een Gefill, d'Himmelsdéier géif séch un deem leschte Rescht festhalen, dee nach iwwregbliwwen ass.