Kommentar vum Fotograf:
"Lady Rosa of Luxembourg" ass den Numm vun engem Konschtwierk, dat vun der kroatescher Kënschtlerin Sanja Ivekovic geschafe gouf. Et representéiert eng verfriemt Replik vum Monument vun der Gëllener Fra (dofir och dacks "Gëlle Fra 2" genannt). 2001 huet et zu Lëtzebuerg fir zolidd Polemik gesuergt, wéi et knapps 50 Meter vum 'Original' ewech opgeriicht gouf, dat am Kader vun der Ausstellung Luxembourg, les Luxembourgeois am Stater Geschichtsmusée an am Casino Luxembourg.
An nom MoMA (Museum of Modern Art, New York)
ass se elo zereck ob Lëtzebourg am MUDAM (Musée d’Art Moderne Grand-Duc Jean)