Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

E Maakollef (Eichelhäher)

 
E Maakollef (Eichelhäher)
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    23.05.2006
  • Gekuckt:
    15969
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    10
  • Beliichtungszäit:
    1/500
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    400 mm
  • ISO:
    250
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    900x598
  • Späicherplaz:
    170 KB
  • Originaldatum:
    2006:04:20 11:00:06
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Déieren »» Vigel allgemeng  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=6291]
Kommentar vum Fotograf:
Mol erem eng kéier e Villchen vu mir
E soutz a mengem Gaard an huet gewaard bis ech geknipsthat, du waren schwups fort :o))
JADE 23.05.2006 - 21:06
Ën huet also schon alles vun engem (Top)-Model? Well déi Pose an deen "Make-up" sin einfach prächteg!
Mee den Fotograf huet awer och gudd Aarbecht geleescht.
Dass den Hannergrond komplett verschwommen ass stéiert villäicht een bësschen, an awer och erëm nët esouvill.
CANON 23.05.2006 - 21:35
Top Foto alles klapt hei eng 10/10 sie ass Immens gut ..enzech remark den Hannergrond ass vieleicht ze markant gehalen.schouet...mee eng gut prise vum Filchen....

canon
MadSir 23.05.2006 - 21:43
Gefällt mer gudd dëss Foto!

Mol flott nees eng Vullefoto vun dir ze gesin smile
Naturknipser 23.05.2006 - 21:43
MErci fir aer Kommentaren, a Merci dem Jade dass de se virgeschloen hues.
Zum hannergrond: meng Fotoen si meeschtens onbearbecht, zumols d'Naturfotoen well ech der Meenung sin d'Natur soll een weisen wéi se ass. Ech haett villaicht kéinten denHannergrond entsiedegen (et ass eng Wiss wou de Bauer Kéi drop stoen huet) an se sou manner gréng wirken loossen. Merci fir deen Gedankenustouss.
JADE 23.05.2006 - 21:53
Schlussendlech fannen ech den HG, waat ech d'Foto méi oft kucken, ganz gudd esou, och an der Faarw, well esou kënnt den "Pieps" (wees nët méi wéi en heescht!) effektiv vill besser zur Geltung.
Nicon07 24.05.2006 - 20:49
Dat as eng Beruffung, Naturfotograph ze sin. An eng Gnod, wann ee vun den Déieren als Portraitist akzeptéiert get. Ech hun de Moien zu Miersch am Park probéiert, och e puer Vigel ze fotograféieren: Wacholderdrossel, an Turteltauben a Finken an Inten a Gänsen, jo souguer ee Rotmilan huet iwwert méch gekreest, awer ech Dummie hat natiirléch nemmen den 28-200 mm montéiert, a mäin 170 - 500 louch doheem am Schaaf. An all di Leit di schon um 8 Auer moies do joggen a mam Hound spadséiere gin an d'Gemengegärtner di mat Freischneider a Méihmaschinn... Du gesäis. An dunn tr¨llen ech zu Osper iwwert een Huës deen aus dem Rapsstéck viru méeng Féiss gehoppelt kennt.
Naturknipser 24.05.2006 - 21:06
obs de et gleews oder net...den Maakollef hei ass mir och iwwert d'Féiss gefall. Ech soutz 4 Stonnen laang am Besch well ech Biergfinken do gesinn haat, wollt déi onbedéngt knipsen, duerno sinn ech an eng Baach gefall a war bis op d'Haut naas, der Kamera war Gott sei Dank naischt geschitt, du koum ech heem an deen soutz am Gaard, ech hu mech erugepirscht a konnt 4 Fotoen machen, du war en och nees husch... Heiansdo ass - besonnesch d'Naturfotographie - eppes komesches, mee si ass genial, wann et dech gepaakt huet.
Nicon07 24.05.2006 - 21:13
Et muss een einfach séch Zäit huëln a séng Viirkéiereungen treffen. An do happert et bei mir. Dat muss ech nach léieren. Ech hun eng Foto vun der Wacholderdrossel, e besse gecropt, mais trotzdem nach akzeptabel an der Schärft. Ech weisen déi mar einfach mol.
Naturknipser 24.05.2006 - 21:44
OK, sin awer elo bis e Sonnden net do, kucke mer se dann einfach méi spéit un...
Focus 25.05.2006 - 10:11
wann ech gesinn das du se schons virun 1 mount gemaach hues, an lo réicht dermat kënns freen ech mech. Du hues bestemmt nach en gudden Stock un genialen Fotoen, Congrats, fannen se immens gut. Huelen un, am Raw fotograféier, an den Witebalance op Shade gemach, oder? Egal wéi Super.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 598 Gäscht online